Monument Émile Mayrisch (Esch-Uelzecht)

D'Monument Émile Mayrisch zu Esch-Uelzecht erënnert un de Stolindustriellen Émile Mayrisch.

Monument Émile Mayrisch
Land Lëtzebuerg

Et steet um Square Emile Mayrisch am Quartier Dellhéicht. 1925 huet den Urbanist Josef Stübben proposéiert, nieft der Schoul eng Plaz a Form vun engem klenge Park unzeleeën. 1929 gouf de Square ageweit. Dat Joer virdru war den Emile Mayrisch gestuerwen, an et ass decidéiert ginn, him e Monument commémoratif opzeriichten. Dofir goufen de franséischen Architekt Auguste Perret a säi Jong Gustave chargéiert, en Entworf ze maachen.[1]

D'Monument gouf de 14. August 1933 um Square Émile Mayrisch a Presenz vum Buergermeeschter Victor Wilhelm, dem President vun der Arbed Gaston Barbanson, dem Staatsminister Joseph Bech an der Aline Mayrisch ageweit.[1],[2]

D'Skulptur a Form vun engem Portrait vum Émile Mayrisch uewen um Monument an déi zwou Take vir um Monument sinn e Wierk vum franséische Sculpteur Louis Dejean.

D'Monument gouf an den 2000er Joren an d'Fassong gesat. No engem positiven Avis, de 15. November 2013, vum Escher Gemengerot[1], gouf d'Monument an de Square den 21. Juni 2017 als nationaalt Monument klasséiert.[3]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Gemengerot Esch: Rapport analytique Nr. 8/2013, Sëtzeung vum 15. November 2013, Punkt 6 um Ordre du jour, op esch.lu.
  2. Luxemburger Wort N° 122 vum 10. August 1933, S 4
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).

Um Spaweck änneren

Commons: Square Émile-Mayrisch – Biller, Videoen oder Audiodateien