Josef Stübben

däitschen Ingenieur

Den Hermann Josef Stübben, gebuer den 10. Februar 1845 zu Hülchrath bei Düsseldorf an der preisescher Rhäinprovënz, gestuerwen den 8. Dezember 1936 zu Frankfurt um Main, war en Architekt, Urbanist an Auteur vu Fachbicher.

Josef Stübben
Gebuertsnumm Hermann Josef Stübben
Gebuer 10. Februar 1845
Hülchrath
Gestuerwen 8. Dezember 1936
Frankfurt am Main
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Berliner Bauakademie
Aktivitéit Architekt, Urbanist
Member vun Akademischer Verein Motiv Berlin
Famill
Kanner Oskar Stübben
Stadentwécklungsplang vun Esch-Uelzecht, 1924-25.

Hie war Oberbaurat zu Köln an hat der d'Stad Lëtzebuerg Projeten (Urbaniséierungs- an Nivellementspläng souwéi Zeechnungen) proposéiert, fir de Plateau Bourbon an de Lampertsbierg z'amenagéieren[1].

Och fir d'Stad Esch-Uelzecht huet hie Mëtt der 1920er Joren e Plang ausgeschafft, wéi dës sech no Norden hin ausbreede kéint, fir bis zu 60.000 Awunner Plaz bidden ze kënnen.

Literatur änneren

  • Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 59
  • Lorang, Antoinette, 1988, Plateau Bourbon und Avenue de la Liberté: Späthistoristische Architektur in Luxemburg. Vol. CIII, PSH, S. 303

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Lexikon S.411