Donna Summer

amerikanesch Sängerin

D'Donna Summer, gebuer den 31. Dezember 1948 zu Boston, Massachusetts a gestuerwen de 17. Mee 2012 a Florida, fir richteg LaDonna Adrian Gaines[1] war eng US-amerikanesch Sängerin a Lidderautuer.

Donna Summer
Gebuertsnumm LaDonna Adrian Gaines
Gebuer 31. Dezember 1948
Boston
Gestuerwen 17. Mee 2012
Naples
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sänger, Lidderschreiwer, Komponist, Discographesche Kënschtler, Museker, Schauspiller
Famill
Kanner Brooklyn Sudano, Amanda Sudano

D'Donna Summer ass virun allem bekannt fir hir Disco-Pop-Lidder (Enn 1970er, uganks 1980er Joren). Zesumme mat de Produzenten Giorgio Moroder a Pete Bellotte huet si de sougenannte „Munich-Disco“-Stil entwéckelt. Zu hire bekanntste Succèse gehéieren I'd love to love you baby (1975; méi gekeimt wéi gesongen), Hot stuff, On the radio, She works hard for the money, Bad girls an I feel love (1977, e Virleefer vun der Technomusek). Weltwäit huet si eng geschaten 130 Millioune Schallplacke verkaaft[2].

Am Ufank vun hirer Carrière huet si an Europa gelieft, wuer se hikomm war, fir beim Musical Hair matzemaachen, an huet do virun allem an Däitschland gelieft,[3]. Si war och vun 1972-1974 Member vun der Grupp Family Tree, bei där och d'Monique Melsen dobäi war. 1976 ass si hannescht an d'USA geplënnert.

Discographie änneren

Albumen änneren

  • 1974 Lady of the Night
  • 1975 Love to Love You Baby
  • 1976 A Love Trilogy
  • 1977 Four Seasons of Love
  • 1977 I Remember Yesterday
  • 1977 Once Upon a Time
  • 1978 Live and More
  • 1979 Bad Girls
  • 1980 The Wanderer
  • 1982 Donna Summer
  • 1983 She Works Hard for the Money
  • 1984 Cats without Claws
  • 1987 All Systems Go
  • 1989 Another Place and Time
  • 1991 Mistaken Identity
  • 1984 Christmas Spirit
  • 1996 I'm a Rainbow
  • 1999 VH1 presents Donna Summer: Live & More Encore!
  • 2008 Crayons

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Donna Summer, Marc Eliot: Ordinary Girl - The Journey; New York (U.S.A.): Villard, 2003 (Autobiographie).
  2. Biographie bei William Morris Endeavor Entertainment.
  3. Abendzeitung vom 30. Dezember 2008: Donna Summer: Wilde Jahre an der Isar Gearchiveerd op 2009-10-05. Gekuckt de(n) 2012-05-24.