Mona ass e Lëtzebuerger Kuerzfilm vum Marc Barnig aus dem Joer 2006.

Mona
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 2006
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Marc Barnig
Dréibuch Marc Barnig
Fotografie Michel Clemen
Musek Human Larvae
Produzent Koler Movies Lëtzebuerg
Schauspiller
Laure Bever als Kand
Ferd Scheuer als Mann
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

An engem däischtere Keller, fënnt sech e klengt Meedchen erëm. Et huet Angscht, et weess net wéi et dohi komm ass, oder wien hatt do agespaart huet. Lues a lues kommen him déi schlëmm Erënnerungen zeréck...

No den zwéi Kuerzfilmer Paper Dream a Lost realiséiert de Marc Barnig domat säin 3te Kuerzfilm. An de Rollen iwwerzeegen de Ferd Scheuer an dat klengt Laura Bever. Gedréint gouf zu Heischent, Munneref an an der Gemeng Stengefort.

Verschiddenes änneren

De Film ass eng authentesch Noerzielung vum réelle Kriminalfall vum Josef Fritzl. Um Benelux Filmfestival zu Ostende gouf de Film dofir mam "Prix Paul Bryne" ausgezeechent mat der Begrënnung "Meilleur traitement d'un sujet actuel".

De Fall Fritzl huet net nëmmen an der Filmwelt, mä och an der Musek seng Spueren hannerlooss, zum Beispill an de Lidder „24 Years“ vun der Metalcore-Band Caliban, a "Wiener Blut" vun der NDH-Band Rammstein a "When Daddy Comes To Play" vun der Thrash Metal-Band Tankard.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren