Mohammad Rezah Pahlavi

Schah vu Persien
(Virugeleet vu(n) Mohammad Reza Pahlavi)

De Mohammad Reza Pahlavi (Persesch: محمدرضا پهلوی [ moɦæmːæd ɾeˌzɑː pʰæɦlæˈviː ]) gerbuer de 26. Oktober 1919 zu Teheran a gestuerwen de 27. Juli 1980 zu Kairo, war en iranesche Regent. Hie koum aus der Dynastie Pahlavi a war dee leschten iranesche Schah.

Mohammad Rezah Pahlavi
Gebuer 26. Oktober 1919
Teheran
Gestuerwen 27. Juli 1980
Kairo
Doudesursaach béisaartege Lymphom
Aktivitéit Politiker, Monarch
Famill
Bestuet mat Soraya Esfandiary-Bakhtiari

Nom Ofdanke vu sengem Papp Reza Schah Pahlavi, am Kader vun der anglo-sowjetescher Invasioun vum Iran, koum hien de 17. September 1941 op den Troun. Mat der Ënnerstëtzung vun de Vereenegte Staaten huet de Pahlavi en autoritäre Regime opgebaut an d'Oppositioun duerch de Geheimdéngscht SAVAK ënnerdrécke gelooss. De 26. Oktober 1967 huet hie sech zum selwer zum Schahanschah ("Kinnek vun de Kinneken“) gekréint.

Als Folleg vun der Islamescher Revolutioun gouf 1979 d'Monarchie gestierzt, an de Pahlavi huet de 16. Januar 1979 mat senger Famill den Iran verlooss. No senger Flucht iwwer Egypten, Marokko, d'Bahamas, Mexiko, d'USA a Panama huet hien an Egypten gelieft. Doass hien de 27. Juli 1980 un de Follge vun engem Morbus Waldenström gestuerwen a gouf an der al-Rifa'i-Moschee nieft dem virleschten egyptesche Kinnek Faruq I. bäigesat.

Literatur

änneren
  • Gholam Reza Afkhami: The Life and Times of the Shah. University of California Press, Berkeley, CA 2009, ISBN 978-0-520-25328-5.
  • Abbas Milani: The Shah. Palgrave Macmillan, New York 2011, ISBN 978-1-4039-7193-7.
  • Ray Takeyh: The Last Shah. America, Iran, and the Fall of the Pahlavi Dynasty. Yale University Press, New Haven 2021, ISBN 978-0-300-21779-7.
  • Gérard de Villiers: Der Schah. 2. Auflage. Heyne, München 1979, ISBN 3-453-00632-1.
  • Marvin Zonis: Majestic Failure. The Fall of the Shah. University of Chicago Press. 1991, ISBN 978-0-226-98928-0.

Um Spaweck

änneren