De Mitchell David Albom, gebuer den 23. Mee 1958 zu Trenton, New Jersey, USA, ass een US-amerikaneschen Auteur, Sportsjournalist, Radiomoderator a Fernseekommentator.

Mitch Albom
Gebuertsnumm Mitchell David Albom
Gebuer 23. Mee 1958
Passaic
Nationalitéit USA
Educatioun Columbia University Graduate School of Journalism
Aktivitéit Schrëftsteller, Radiosspeaker, Romancier, Journalist, Kolumnist, Dréibuchauteur, Dramatiker, Museker, Philanthrop

Hien huet op der Bandeis University an op der Columbia University studéiert. Éier hie Journalist gouf, war hien Amateurboxer, Nightclubsänger a Pianist.

De Mitch Albom huet 1998 de Roman Tuesdays with Morrie geschriwwen, deen, nodeem en an der Show Oprah's Book Club vum Oprah Winfrey virgestallt gi war, an Amerika ganz erfollegräich gouf. D'Tëleverfilmung mam Hank Azaria an Jack Lemmon war ee vun de meescht gekuckte Fernseefilmer am Joer 1999 an den USA. De Film krut 4 Emmien.

Säi Roman "The Five People You Meet in Heaven" (2005) war och een New York Times-Bestseller. Kritiker hunn en awer ze sentimental fonnt. Och dëse Roman gouf fir den US-Fernsee verfilmt mam Jon Voight, Ellen Burstyn, Michael Imperioli an Jeff Daniels. Säin neie Roman heescht "For One More Day" (2006).

No den Erfarunge mam Morrie Schwartz huet hien eng Hëllefsorganisatioun mam Numm "A Time to Help" gegrënnt. All Mount mécht déi Grupp ee Projet fir den Detroiter Leit ze hëllefen. Den Albom a säi Radiocomoderateur Ken Brown féieren de Projet an a versichen "A Time to Help" als Katalysater fir méi fräiwëlleg Engagementer z'auszenotzen.

De Mitch Albom trëtt reegelméisseg a Fernseesendungen, wéi Sports Reporters a SportsCenter vun ESPN, op. Seng Radioshow gëtt vu WJR zu Detroit ausgestraalt.

Den Albom spillt an der Rockband The Rock Bottom Remainders. Jiddwereen aus der Band ass Schrëftsteller.