Minipli (Museksgrupp)
Minipli war eng lëtzebuergesch Museksgrupp.
Minipli | |
---|---|
Museksgenre | experimentell Rockmusek |
Land | Lëtzebuerg |
Grënnung | 2006 |
Trennung | 2009 |
Websäit | MySpace |
Memberen |
Natalie "Fiffi" Pickar (Gesank, Batterie) Michel "Wichl" Flammant (Gittar, Bass, Keyboard) Eric "Nipless" (Gesank, Gittar, Bass, Keyboard, Eletronik) [1] |
Bandgeschicht
ännerenD'Grupp gouf am Wanter 2006 vun zwéi fréiere Membere vun John McAsskill an engem Member vu Farmer Cookie Propellers gegrënnt.[2] Den Trio huet am November 2007 säin éischten Album Love Is for the Fishis um Musekslabel Comet Records erausbruecht. Hire Stil gouf ënner anerem als "minimalistesche lo-fi Electro-Pop mat Gittare, Keyboards an duebel opgeholle Gesanksstëmme" an als "irgendwou tëscht minimalem Rock, Post-Punk, Wave an Elektropop" beschriwwen.[3],[4]
2009 huet Minipli d'EP I Go Boom!, déi manner minimalistesch a méi Disko-orientéiert war, an d'Single Bobby-Ray verëffentlecht.[5] D'Grupp huet Lëtzebuerg a Loutrengen an der Sektioun "Découvertes" um Printemps de Bourges 2009 representéiert.[6] Am selwechte Joer huet den Eric d'Band verlooss an déi zwéi Memberen hunn ënner dem Numm Plankton Waves weidergemaach.[7],[8]
Discographie
ännerenAlbum
änneren- 2007: Love Is for the Fishis
EP
änneren- 2009: I Go Boom!
Single
änneren- 2009: Bobby-Ray
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ woxx.lu: Oh Ah, Oh! Minipli! vum Claire Barthelemy (13. September 2007)
- ↑ land.lu: Pas l'ombre d'un (mini)pli (18. Oktober 2007)
- ↑ Albumreview op venue.de
- ↑ Albumreview op ox-fanzine.de
- ↑ Singlereview op disagreement.net
- ↑ lequotidienlu: Minipli: c'est déjà le printemps! (27. Januar 2009))
- ↑ lequotidien.lu: L'automne directement après le printemps (20. Mee 2010)
- ↑ lessentiel.lu: Minipli: «Aujourd'hui, la scène nous appartient» (24. Mee 2009)