Dëse Brauereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Brauerei braut Béier mat Happ a Malz. An enger Brauerei huet de Braumeeschter eng wichteg Funktioun. Hie suergt dofir datt de Béier vun der Brauescht en typesche Geschmaach kritt. Et ënnerscheet een tëscht niddergäregem an héichgäregem Béier.

Brauer am 16. Joerhonnert

Mikrobrauerei änneren

Eng Mikrobrauerei ass eng Brauerei, déi nëmme kleng Quantitéite Béier produzéiert. Am Géigesaz zu Haus- an Hobbybrauereie verkafen d'Mikrobrauereien hire Béier. Meescht si Mikrobrauereien onofhängeg a gehéieren net zu grousse Firmegruppen. Si fokaliséiere sech op d'Qualitéit an de Geschmaach vum Béier, an op d'Brautechnik.

Eng Mikrobrauerei zu Lëtzebuerg ass zum Beispill d'Brasserie Béierhaascht.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Brauereien – Biller, Videoen oder Audiodateien