Micro/Nano Experimental Robot Vehicle for Asteroid

D'Micro/Nano Experimental Robot Vehicle for Asteroid (ofgekierzt MINERVA) si Roboter fir Planéitefuerschung vun der Japan Aerospace Exploration Agency. Den éischte MINERVA war e Roboter bei der Missioun Hayabusa zum Asteroid (25143) Itokawa. Zwéi weiderentwéckelt MINERVA-II-Landungsrobotere goufen am Kader vun der Missioun Hayabusa 2 um Asteroid (162173) Ryugu ofgesat.

Hayabusa änneren

De klenge Landeroboter hat e Gewiicht vun nëmme 591 Gramm. Hien hat d'Form vun engem 16-säitege Prisma vun 12 cm Duerchmiesser an 10 cm Héicht. Hie war mat dräi Kamerae souwéi mat sechs Temperatursensoren ekipéiert. D'Energie krut e vu Solarzellen, déi op der Uewerfläch fixéiert waren, an 2 Watt geliwwert hunn. Am Ënnerscheet zu ville Rovere vun der NASA hat d'JAXA sech fir eng aner Form vu Fortbeweegung entscheet. De MINERVA sollt op der Uewerfläch vum Asteroid hopsen.

Souwuel déi eigentlech Raumsond Hayabusa wéi och de MINERVA ware fir d'Landung um Asteroid geduecht. Virun der Landung vun der Raumsond sollt dofir de MINERVA iwwer dem Zilgebitt vun Itokawa ofgeworf ginn, fir vun do Fotoen an Daten ze schécken, fir déi spéider Prouwe virzebereeden.

D'Landung vum Rover um Asteroid hat den 12. November 2005 net geklappt, well wéinst engem Timingfeeler d'Sond ausgesat gouf, wärend den Hayabusa no enger Aproche un d'Uewerfläch sech schonn nees vum Asteroid distanzéiert hat. Doduerch hat de Minerva d'Schwéierkraaft vum Asteroid, déi z'iwwerwanne war, iwwerschratt an de Rover goung am Weltraum verluer. Trotzdeem war et nach méiglech, Fotoe vun der Raumsond Hayabusa ze maachen an iwwer Funk op d'Äerd ze schécken

Hayabusa 2 änneren

Als Deel vun der Missioun Hayabusa 2 goufen zwou weiderentwéckelt MINERVA-II-Landungsroboter zum Asteroid (162173) Ryugu transportéiert an, wéi d'JAXA den 22. September 2018 matgedeelt hat, erfollegräich op der Uewerfläch vum Asteroid ofgesat. Si sollen zu der Virbereedung vun der Landung vum MASCOT fotografesch Aufnahmen maachen an d'Temperatur moossen.[1] No der Missioun vun de Roboter sollen si op dem Asteroid bleiwen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Der Standard: Zwee japanesch Klengroboter landen op dem Asteroid Ryugu, 22. September 2018