Michel Majerus - Next Step

Michel Majerus - Next Step ass e lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vun der Anne Schiltz.[1].

Michel Majerus - Next Step
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 2021
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Anne Schiltz
Dréibuch Anne Schiltz
Produzent Anne Schroeder (Samsa Film)
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film ass e Portrait vum lëtzebuergesche Moler Michel Majerus, deem seng interational Karriär 2002 abrupt duerch de Luxair-Fligeraccident bei Nidderaanwen op en Enn koum. E geet och der Fro no, wéi een d'Erënnerung un an d'Wierk vun engem Këschtler no deem sengem Doud 'lieweg' hale kann.

Produktioun änneren

Interviewt goufen ë. a.: Bastian Krondorfer, Jean Majerus, Edith Majerus, Burkhard Riemschneider, Tim Neuger, Heike-Karin Föll, Albrecht Kastein, Wawrzyniec "Wawa" Tokarski, Christian Boros, Friedrich Meschede, Bettina Friedli, Barbara-Brigitte Mak, Susanne Küper, Christiane Rekade, Susanne Kleine, Klaus vom Bruch.

De Film krut e Subside vum Lëtzebuerger Filmfong.

Kritik änneren

Michel Majerus - Next step gouf mam Lëtzebuerger Filmpräis 2023 als beschten Documentaire-Laangfilm ausgezeechent.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Fiche op samsa.lu