De Michel Jean Legrand, gebuer de 24. Februar 1932 zu Paräis an och do de 26. Januar 2019 gestuerwen[1], war e franséische Komponist, Pianist, Sänger an Arrangeur. Hie gouf dräimol mat engem Oscar fir déi bescht Filmmusek, sou wéi och fënnefmol mat engem Grammy an enger sëllegen aneren Auszeechnunge fir seng Kompositiounen ausgezeechent.

Michel Legrand
Gebuertsnumm Michel Jean Legrand
Gebuer 24. Februar 1932
20. Arrondissement
Gestuerwen 26. Januar 2019
Neuilly-sur-Seine
Nationalitéit Frankräich, USA
Educatioun Paräisser Conservatoire
Aktivitéit Dirigent, Komponist, Schauspiller, Sänger, Pianist, Arrangeur, Jazzmuseker, Dréibuchauteur, Filmkomponist, Filmregisseur, Museker
Famill
Bestuet mat Macha Méril
Geschwëster Benjamin Legrand

Zu senge bekanntste Filmmuseken zielen déi vu Les parapluies de Cherbourg (1964), Les demoiselles de Rochefort, The Thomas Crown Affair (mam Lidd Windmills of your Mind, 1968), Summer of 42 (1971) a Yentl (1983). Am Ganzen huet hien de Soundtrack fir eng 200 Filmer an Televisiounsfilmer geschriwwen.

Als Jazzpianist huet hien ë. a. mam Django Reinhardt zesummegeschafft. 1958 huet hien en Jazzalbum mam Donald Byrd, John Coltrane a Ben Webster opgeholl. 1978 war et Le Jazz Grand mam Gerry Mulligan, Phil Woods Jon Faddis, Ron Carter a Grady Tate. 1983 huet hien After the Rain mam Ron Carter, Grady Tate, Zoot Sims, Phil Woods a. a. produzéiert. 1991 huet hien zesumme mam Miles Davis Dingo opgeholl. 2004 huet hien en Album als Hommage un de Luiz Eça publizéiert.

Do dernieft war de Legrand och Dirigent a Pianist mat Wierker vu klassesche Komponisten wéi z. B. vum Eric Satie.

Och den Noriichten-Jingle vun RTL Radio, deen et zanter 1964 gëtt, ass vun him.[2]

2013 koum seng Autobiographie Rien de grave dans les aigus an den Éditions du cherche midi eraus.

Filmographie (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Michel Legrand – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. https://kurier.at/kultur/oscar-gekroenter-komponist-michel-legrand-gestorben/400389167
  2. "De franséische Filmkomponist Michel Legrand ass gestuerwen." rtl.lu, 26.01.2019, 10:36:57.