De Micheil Saakaschwili (ka: მიხეილ სააკაშვილი, uk: Міхеіл Саакашвілі), gebuer den 21. Dezember 1967 zu Tiflis, ass e georgesch-ukrainesche Politiker. Hie war vun 2004 bis 2013 den drëtte President vu Georgien. Hie war den Nofollger vum Eduard Schewardnadse deem virgeheit gi war, d'Wale vun 2003 gefälscht ze hunn an deemno no der Rouserevolutioun demissionéiert huet.

Micheil Saakaschwili
Gebuer 21. Dezember 1967
Tiflis
Nationalitéit keng
Educatioun Universitéit vu Stroossbuerg,
University of Miami,
Columbia University,
George Washington University
Aktivitéit Jurist, Politiker, Affekot, Televisiounsmoderateur
Partei National demokratesch Beweegung

A senger Karriär, ier e President gouf, hat hien en ettlech wichteg Plazen an der Regierung; vun 1995 bis 1999 a vun 1999 bis 2000 war de Saakaschwili Deputéierten, vun Oktober 2000 bis September 2001 Justizminister, a vun 2002 un war hie Buergermeeschter vun Tiflis, nodeem hie vu sengem Ministerposten demissionéiert war, well en net genuch Ënnerstëtzung krut.

Hien hat, an de Joren ier e President ginn ass, versicht d'Korruptioun an der Regierung ze bekämpfen a sech perséinlech dofir agesat datt säi Virgänger sollt zerécktrieden. Sou koum et 2004 zu Neiwalen, wou hie 96 % vun de Stëmme krut.

2007 ass him virgeheit ginn, ze vill autoritär ze regéieren a korrupt ze sinn, virun allem zu Tiflis koum et zu krasse Protester. Deemno koum et am Januar 2008 zu Neiwalen, wou hien awer mat 53,47 % vun de Stëmmen erëmgewielt gouf.

De Saakaschwili ass westlech orientéiert, an huet wëlles datt Georgien Member vun der NATO a vun der Europäescher Unioun gëtt.

Am Oktober 2021 gouf de Mikheil Saakashvili festgeholl nodeems hien illegal a säi Land zeréckkoum, nodeems hien am Exil ausserhalb vu Georgie war zënter 2013. E Geste deen hien erkläert huet vu sengem Wëllen ze kämpfen nieft senge Matbierger am Land.

Um Spaweck änneren

Commons: Micheil Saakaschwili – Biller, Videoen oder Audiodateien