Helle Thorning-Schmidt
D'Helle Thorning-Schmidt, gebuer de 14. Dezember 1966 zu Rødovre, ass eng dänesch Politikerin. Si war vum 3. Oktober 2011 bis den 28. Juni 2015 Premierministesch an Dänemark, an domat déi éischt Fra an där Fonctioun.
Helle Thorning-Schmidt | |
---|---|
Funktioun | |
Premierministesch vun Dänemark | |
3. Oktober 2011 - 28. Juni 2015 | |
Virgänger | Lars Løkke Rasmussen |
Nofollger | Lars Løkke Rasmussen |
Europadeputéiert | |
20. Juli 1999 – 13. Juli 2004 | |
Partei | Sozialdemokraten |
Biographie | |
Gebuer |
14. Dezember 1966 Rødovre |
Educatioun |
Universitéit vu Kopenhagen, Collège d'Europe |
Bestuet mat | Stephen Kinnock |
Papp | Holger Thorning-Schmidt |
Kanner | Johanna Kinnock, Camilla Kinnock |
Si ass Presidentin vun der dänescher Sozialdemokratescher Partei Socialdemokraterne.
Zanter dem 8. Februar 2005 ass si Member vum Dänesche Parlament, dem Folketing. Virdru war si 5 Joer laang Deputéiert am Europäesche Parlament. Den 12. Abrëll 2005 gouf si zur Presidentin vun hirer Partei gewielt. Bei de Wale vum November 2007 war d'Walbündnis vun hirer Partei ("roude Block") deem vum "Rietsblock" (Haapt Mann: de Anders Fogh Rasmussen) ënnerleeën, mä bei de Wale vum 15. September 2011 huet de "Roude Block" eng knapps Majoritéit vun de Stëmme kritt, soudatt si Cheffin vun der neier Regierung gouf.
D'Helle Thorning-Schmidt ass mam Stephen Kinnock, dem Jong vum Neil Kinnock, bestuet.
Um Spaweck
ännerenCommons: Helle Thorning-Schmidt – Biller, Videoen oder Audiodateien |