Merowengesch Grafhiwwelen am Telpeschholz zu Dondel

D'Merowengesch Grafhiwwele vun Dondel-Telpeschholz si fënnef Grafhiwwelen aus der spéider Merowengerzäit, déi op der Spëtz vum Telpeschholz nordwestlech vun Dondel leien.

Si goufen 1961 vum Nouspelter Paschtouer Georges Kayser entdeckt an ausgegruewen. Bei den Ausgruewungen huet sech gewisen, datt ënnert de fënnef Hiwwelen sechs Persoune begruewe waren, 4 Männer an zwou Fraen. Et huet sech heibäi ëm bedeitent Merowenger aus dem 7. Joerhonnert gehandelt. Et goufe Waffe wéi Schwäerter, Lanzen a Schëlter fonnt. An engem vun de Fraegriewer sinn och gëlle Bijouen entdeckt ginn.

D'Grafhiwwele leien um Circuit auto-pédestre 1 vun Nouspelt.

Literatur änneren

  • Gérard Thill, Cinq sépultures sous tombelles mérovingiennes découvertes près de Dondelange. Hémecht 18, 1966, S. 369-375.
  • Holger Schaaff, Die Altertümer der Merowingerzeit im Großherzogtum Luxemburg. Dossiers d'archéologie II; Lëtzebuerg (Imprimerie Centrale SA), 1993; 157 Säiten (ill., 2 Bäilagen).

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren