Mat der Mercury-Redstone 1 (MR-1) sollt den 21. November 1960 den éischten Testfluch am Kader vum Mercury-Programm mat enger komplett montéierter Redstone-Rakéit an engem Mercury-Raumschëff gemaach ginn.

Mercury-Redstone 1 (MR-1)
Ennmontage vun der Mercury-Redstone 1
Typ Mercury-Programm
Land  USA
Agentur NASA
Orbit suborbitale Fluch
nssdc_id MERCR1
Apogeum 10 cm
Start 21. November 1960
Startplaz LC-5, Cape Canaveral
Landung 21. November 1960
Landeplaz Atlantik
Dauer 2s
Drorakéit Redstone Mercury
Missioun virdrun Mercury-Little-Joe 5
Missioun dono Mercury-Redstone 1A

Startversuch änneren

D'Rakéit stoung vollstänneg montéiert op der Startramp an de Countdown ass normal bis zum Start vun den Haaptdreifwierker gelaf. D'Dreifwierk hat gezünnt, ass awer nees direkt ausgefall, well sech e Kabel net korrekt vun der Rakéit getrennt hat. D'Rakéit hat sech dobäi ongeféier 10 cm (4 Inch) vum Buedem gehuewen an ass nees an d'Gerëscht zeréckgefall. Dobäi ass dann de Rettungstuerm gestart, nëmme well dat elo de nächste Schrëtt am geplangte Programmoflaf vum Fluch war. Dräi Sekonnen dono ass uewen aus der Mercury-Landekapsel fir d'éischt de klengen Ausléisefallschierm an dunn den Haaptfallschierm erauskomm, déi dann un der Rakéit erofhungen.

Analysen änneren

"Alles was mer gemaach hunn, war de Rettungstuerm ze starten." sot spéider en enttäuschten NASA-Offiziellen.

Trotz dësem Feelschlag war d'Rettungssystem erfollegräich an domat konnten aus der Pann och nach wichteg Resultater gewonne ginn.

D'Reservemissioun, Mercury-Redstone 1A (MR-1A), ass mam Asaz vun der selwechter Raumkapsel (s/n 2) dogéint den 19. Dezember 1960 ouni Problem verlaf. D'Raumschëff hat eng Héicht vun zirka 210 km (131 Meilen) erreecht a gouf no der Landung 15 Minutte méi spéit vun engem Helikopter aus dem Atlantik gefëscht.

Um Spaweck änneren