D'Missioun Mercury-Redstone-1A war den 19. Dezember 1960 a war d'Ersatzmissioun fir déi feelgeschloe Missioun Mercury-Redstone 1. Dobäi gouf zwar déi selwecht Kapsel (Seriennummer 2) benotzt, d'Drorakéit gouf awer fir den zweete Versuch gewiesselt. D'Missioun huet 15 Minutten a 45 Sekonne gedauert a war erfollegräich. D'Kapsel gouf 15 Minutten no der Waasserlandung am Atlantik vun Helikoptere gebuergen. Si ass haut am Exploration Center vum NASA Ames Research Center um Moffett Federal Airfield a Kalifornien ausgestallt.

Mercury-Redstone 1A (MR-1A)
Start vun der Mercury-Redstone 1A
Typ Mercury-Programm
Land  USA
Agentur NASA
Orbit suborbitale Fluch
nssdc_id MERCR1A
Apogeum 210,3 km
Start 19. Dezember 1960
Startplaz LC-5, Cape Canaveral, Florida
Landung 19. Dezember 1960
Streck 378,2 km
Landeplaz Atlantik
Dauer 15min 2s
Drorakéit Redstone Mercury
Missioun virdrun Mercury-Redstone 1
Missioun dono Mercury-Redstone 2

De Zenit vun der Bunnparabel louch bei 210 Kilometer Héicht, déi zeréckgeluecht Distanz war 375 km. D'Kapsel gouf mat der Redstone MRLV-3 gestart.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Mercury-Redstone 1A – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Mercury- Raumschëff # 2, dat op dem MR-1 wéi och op dem MR-1A-Flug agesat gouf an am NASA Ames Exploration Center ausgestallt ass.