De Melchior Bourg, gebuer de 27. Abrëll 1861 an der Stad Lëtzebuerg[1] an do gestuerwen den 12. Oktober 1939[2], staamt aus enger Rousenziichterfamill vum Lampertsbierg. Zesumme mam Charles Gemen huet hien 1888 d'Rousenziichterei „Gemen & Bourg Luxembourg“ gegrënnt, déi hire Sëtz um Lampertsbierg op 63 an der avenue Pasteur hat.[3]

Melchior Bourg
Gebuer 27. Abrëll 1861
Gestuerwen 12. Oktober 1939
Haus Fondatioun Melchior Bourg-Gemen.
D'Fassad vum Haus, mat der Plack Fondatioun Melchior Bourg-Gemen (August 2014).

Vun 1896 un huet hien de Betrib eleng weidergefouert. 1897 huet en d'Schwëster vu sengem fréiere Partner, d'Marie Gemen bestuet. Se kruten e Jong, de Mely, deen awer 1910 mat 12 Joer stierft. Well keng weider Ierwen do waren huet d'Koppel sech decidéiert, eng Konventioun mat der Stad Lëtzebuerg anzegoen. 1918 huet d'Stad d'Haus vun der Famill Bourg-Gemen ofkaaft ënner der duebeler Konditioun, datt se bis zu hirem Doud eng Rent sollte kréien an datt als Erënnerung un hire verstuerwene Jong Mely spéider eng Crèche sollt dra kommen. Dobäi huet d'Stad eng Spent vu sengerzäit 25.000 Frang geschenkt kritt.

Nom Doud vum Melchior Bourg am Joer 1939 huet d'Stad Lëtzebuerg d'Gebai iwwerholl, awer keng Crèche, mä eng Spillschoul dran ageriicht. Am Joer 2005 gouf d'Spillschoul zougemaach, duerno huet nach eng Famill am Haus gewunnt, bis et dunn awer eidel stoung.

Am Kader vun engem neie Wunnquartier housch et am Summer 2014, d'Haus vun der Fondation Melchior Bourg-Gemen sollt 2014 ofgerappt ginn.[4] Am Dezember 2014 huet de Stater Gemengerot dunn awer decidéiert, nei Pläng ausschaffen ze loossen, déi d'Gebai erhale géifen.[5],[6],[7]

Nom Melchior Bourg-Gemen, deen als Wueltäter vun der Stad Lëtzebuerg gëllt, ass eng Strooss um Lampertsbierg benannt; se verbënnt d'Avenue de la Faïencerie mat der Rue Joseph Hansen.

Literatur änneren

  • Diane Lecorsais: Das Versprechen - Die Geschichte des Hauses Bourg-Gemen in Limpertsberg am Luxemburger Wort vum 8. August 2015, S. 33

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. http://download.rtl.lu/2014/08/08/d5debe4bf1d931e9048f755ea2275554.pdf
  2. Informatioun iwwer den Doud vum Melchior Bourg am Luxemburger Wort vum 12. Oktober 1939 op eluxemburgensia.lu
  3. [1] www.industrie.lu - Die Industriegeschichte Luxemburgs.
  4. "Haus der Rosenzüchterfamilie Bourg-Gemen - Es bleibt beim Abriss." wort.lu 8. August 2014.
  5. "Fräi Nuechte fort, Haus Bourg-Gemen bleift." rtl.lu, Leschten Update: 04.12.2014, 13:25:44.
  6. Ruppert, R., 2014. Haus Bourg-Gemen wird nicht abgerissen. Luxemburger Wort vum 5. Dez. 2014, S. 30.
  7. Lecorsais, D., 2015. Die Geschichte des Hauses Bourg-Gemen in Limpertsberg. Das Versprechen. Nach 100 Jahren dürfte eine alte Abmachung endlicht eingelöst werden. Luxemburger Wort vum 8/9. August 2015, S. 33.