D'Wiichtelhaus, oder Wiichtelchershaus[1] ass en Haus aus Mollongen am historeschen Zentrum vum Quartier Beggen an der Stad Lëtzebuerg.

Wiichtelhaus zu Beggen
Déi hënnescht Fassad vum Haus.

D'Haus, dat tëschent 1740 a 1760 gebaut gouf, krut säin Numm wéinst enger Seechen, no där an dësem Haus Wiichtelcher gewunnt hätten, déi den Awunner vu Beggen a schwéierer Zäit gehollef hätten an, déi derzou bäigedroen hunn, der Uertschaft hir Identitéit ze ginn.[2]. Haut nach ginn d'Spiller vum FC Avenir Beggen Wiichtelcher genannt.

Am September 2016 ass ëm d'Haus eng Poleemik entstanen, wéi bekannt gouf, datt d'Gemeng Lëtzebuerg d'Autorisatioun fir d'Ofrappe vum Haus ginn hat. Wéi sech Bierger vu Beggen an och Vertrieder vun der Associatioun Sauvegarde du patrimoine fir d'Erhale vum Haus agesat hunn, huet d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer d'Ofrappe vum Haus provisoresch gestoppt.

De 26. September 2016 huet de Stater Gemengerot e positiven Avis fir d'Klasséierung vum Wiichtelchershaus decidéiert.[3],[4]

Geschicht änneren

D'Wiichtelchershaus gouf mat Mollonge gebaut, dat warscheinlech tëschent 1740 a 1760. Et ass warscheinlech dat eelst Haus vu Beggen dat nach erhalen ass.[2]

Am Ufank vum 19. Joerhonnert gouf d'Gebai als éischt Wanterschoul zu Beggen benotzt. Vun der Mëtt vum 19. Joerhonnert bis zum Zweete Weltkrich hat d'Rousenziichterei Jungblut Frères hire Sëtz am Haus. Do huet och déi éischt Léierin vu Beggen, d'Susanne Jungblut, gewunnt.[2]

Den 1. Juni 2016 huet d'Gemeng Lëtzebuerg d'Autorisatioun fir d'Ofrappe vum Haus accordéiert. Op der Plaz sollt eng Residenz mat Appartementer gebaut ginn. De 17. Juli 2016 huet de Service des sites et monuments nationaux der Gemeng Lëtzebuerg matgedeelt, datt d'Verwaltung eng Prozedur ageleet hätt, fir d'Haus op den Zousaz-Inventaire vun den nationale Monumenter ze setzen.[2]

Wéi d'Ofrappe vum Haus allgemeng bekannt gouf, hunn intresséiert Leit a Vertrieder vun der Associatioun Sauvegarde du patrimoine de 14. September 2016 eng Protestmanifestatioun - eng symbolesch Garde - beim Haus organiséiert, un där zirka 40 Leit deelgeholl hunn, dorënner och e puer Membere vum Stater Gemengerot. D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer ass och op d'Plaz komm an huet matgedeelt, datt d'Haus net géif ofgerappt ginn.[1]

De 26. September 2016 huet de Gemengerot decidéiert, e positiven Avis fir d'Klasséiere vum Wiichtelchershaus ze ginn.[3]

Literatur änneren

  • Ruppert, R., 2016. Empörung über geplanten Abriss. Mahnwache am Mittwochvormittag für "Wichtelhaus" in Beggen. Luxemburger Wort vum 13. September 2016, S. 20.
  • Ruppert, R., 2016. "Wiichtelhaus" vor Abriss gerettet. Eigentümer, Stadt Luxemburg und Denkmalschutzamt werden über Zukunft der Immobilie beraten. Luxemburger Wort vum 15. September 2016, S. 28.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: D'Wiichtelchershaus zu Beggen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Luxemburger Wort vum 15. Sept. 2016, S. 28: Wiichtelhaus vor Abriss gerettet.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Luxemburger Wort vum 13. Sept. 2016, S. 20: Empörung über geplanten Abriss.
  3. 3,0 3,1 http://5minutes.rtl.lu/grande-region/france/960179.html
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).