Philipp Melanchthon

(Virugeleet vu(n) Melanchthon)

De Philipp Melanchthon, eigentlech Philipp Schwartzerdt, gebuer de 16. Februar 1497 an der kurpfälzescher Amtsstadt Bretten bei Karlsruhe a gestuerwen den 19. Abrëll 1560 zu Wittenberg, war en däitschen Humanist, Griicheschprofesser, Bildungsreformer an Unhänger vum Martin Luther.

Philipp Melanchthon
Gebuer 16. Februar 1497 jul.
Bretten
Gestuerwen 19. Abrëll 1560 jul.
Lutherstadt Wittenberg
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vun Heidelberg,
Eberhard Karls Universitéit Tübingen
Aktivitéit Astronom, Theolog, Universitéitsprofesser, Astrolog, Philosoph, Schrëftsteller

De Melanchton huet op den Universitéite vun Heidelberg a vun Tübingen Griichesch, Latäin, Philosophie an Theologie studéiert (1509-1514). No der Magisterprüfung op der philosophescher Fakultéit vun der Uni Tübingen, huet en ugefaange selwer Coursen ze ginn.

1518 huet en e Léierstull fir griichesch Literatur op der Universitéit vu Wittenberg kritt.

1519 krut en den theologesche Grad baccalaureus biblicust. Ëm déi Zäit huet seng Frëndschaft mam Martin Luther ugefaangen. Vun do un, huet hie sech bis zu sengem Doud mam Evangelium, mat der reformatorescher Theologie a mat senger eegener Praxis als Enseignant beschäftegt.

1520 huet en d'Katharina Krapp, d'Duechter vum Hieronymus Krapp, Buergermeeschter vu Wittenberg, bestuet.

1525 war en un der Bildungsreform am Kurfürstentum Sachsen aktiv bedeelegt.

Konfessionell [Sträit-] Gespréicher änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Hien ass besonnesch als Haaptredakter vun der Augsburger Konfessioun vu 1530 bekannt. Hie war awer och, als Beroder vun de lutheresche Räichstänn an de Versammlunge vum Räichstag engagéiert. Sou war hie bei de konfessionellen Ausenanersetzunge vu Speyer, Marburg an Augsburg tëscht 1529 a 1531 mat derbäi.​

Wierk (Auswiel) änneren

  • Glaube und Bildung - Texte zum christlichen Humanismus ; Laténgesch-Däitsch Ausgab; Auswiel, Iwwersetzung an Editioun vum G.R. Schmidt; 224 Säiten; Verlag Philipp Reclam jun., Stuttgart, 1989.

Literatur änneren

  • Heinz Scheible, Melanchthon - Eine Biographie ; C.H. Beck Verlag, München, 1997; 294 Säiten. ISBN 978-3-406-42223-2
  • Heinz Scheible, Melanchthon, Vermittler der Reformation - Eine Biographie; München (C. H. Beck), 2016; 446 S. (25 Illustratiounen). ISBN 978-3-406-68673-3

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Philipp Melanchthon – Biller, Videoen oder Audiodateien