McDonnell Douglas war, bis d'Firma 1997 vu Boeing iwwerholl gouf, ee vun de gréisste Fligerproduzenten op der Welt. Hiren Haaptsëtz hate se zu Long Beach a Kalifornien an den USA. McDonnell Douglas war 30 Joer laang ee vun de gréisste Sous-traitante vun der US Navy an der US Air Force.

Eng McDonnell Douglas Maschinn um Fluchhafen zu Boston

Geschicht änneren

McDonnell Douglas gouf 1967 mat der Fusioun vun de Fligerhiersteller Douglas Aircraft Company, dee finanziell Schwieregkeeten hat, an McDonnell Aircraft Corporation, gegrënnt. Si hunn domat nieft Boeing, North American an Lockheed zu deenen 4 gréisste Fligerhiersteller an den USA gezielt. Zesummen hu si weiderhin souwuel Zivil- wéi och Militärfligere gebaut. Ënner der Uelegkris vun de 70er Joren hunn och Fligerhiersteller misse leiden. McDonnell Douglas huet probéiert ze diversifizéiere fir sech kennen iwwer Waasser ze halen an huet d'Helikopterfirma Hughes Helicopters iwwerholl. Den 10. Februar 1993 hu si hiren 10.000 Fliger gebaut. Nodeem Boeing 1996 d'Firma North American Aviation iwwerholl huet, gouf 1997 dunn och McDonnell Douglas iwwerholl.

Zivil Fligeren änneren

Militärfligeren änneren

Um Spaweck änneren

Commons: McDonnell Douglas – Biller, Videoen oder Audiodateien