Max Waldmeier

Schwäizer Astronom a Sonnefuerscher

De Max Waldmeier, gebuer den 18. Abrëll 1912 zu Olten a gestuerwen de 26. September 2000 zu Zürich war e Schwäizer Astronom a Sonnefuerscher.

Max Waldmeier
Gebuer 18. Abrëll 1912
Olten
Gestuerwen 26. September 2000
Küsnacht
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser, Astrophysiker

De Waldmeier hat am Joer 1939 den Astrophysikaleschen Observatoire zu Arosa gegrënnt a war vun 1945 un Direkter vum ETH-Observatoire zu Zürich. Hien ass virun allem duerch seng Aarbechte bei der Klassifikatioun vu Sonneflecken a vum eelefjärege Sonnenaktivitéitszyklus bekannt.

Säi Schema vun de Fleckentype vun A bis I (Eenzelflecken) iwwer déi grouss Fleckegruppe vum Typ E an Typ F ass liicht z'erkennen an entsprécht och der zäitlecher Entwécklung.

D'„Züricher Sonneflecke-Skala“ och Waldmeier-Klassifikatioun genannt, ënnerscheet Gréisst a Form vun de Flecken, hir Gruppéierung, d'Bipolaritéit vum Magnéitfeld an d'Penumbraen (Hallefschied). Duerch de Waldmeier ass si zanter de véierzeger Joren am internationale Gebrauch.

Den Eelefjoreszyklus vun der Sonneflecke-Relativzuel R hat de Waldmeier versicht als Dissertant duerch eng Aart Eruptiounshypothes z'erklären: no dem Fleckeminimum klëmmt R ëmsou méi séier, wat méi héich säi Maximum an e puer Joer gëtt. D'Dauer vum Offall bis zum nächste Minimum hänkt awer vum Max (R) of. Seng Standardwierker vereenegen déi Gedanke mat Resultater vun der internationaler Fuerschung duerno:

Ergebnisse und Probleme der Sonnenforschung / Leipzig 1941 / 2.erw. Oplo Geest & Portig, Leipzig 1955

souwéi

Einfuehrung in die Astrophysik / Basel 1948 ; The sunspot activity in the years 1610 - 1960 / Zürich 1961

Weider Bicher a Publikatioune vum Waldmeier betreffen allgemeng Theeme vun der Astronomie, Raumfaart, Radioastronomie, d'Wiesselwierkunge vun der Sonn-Äerd, heliographesch Miessmethoden an d'Sonnekorona.

Literatur änneren

  • Hermann Haupt: Max Waldmeier. Nachruf. In: Almanach der Österreichischen Akademie der Wissenschaften, Bd. 151 (2001), S. 459-469.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie