Haaptmenü opmaachen
De Mauricio Macri

De Mauricio Macri, gebuer den 8. Februar 1959 zu Tandil, ass en argentineschen Entrepreneur a Politiker vun der konservativer Partei Propuesta Republicana (PRO). Den 22. November 2015 gouf hien zum neie President vun Argentinien gewielt; hien huet säin Amt den 10. Dezember 2015 ugetrueden.

Vun 2007 bis 2015 war hie Buergermeeschter (Jefe de Gobierno) vun der argentinescher Haaptstad Buenos Aires, déi gläichzäiteg och e Bundesstaat ass.

No sengem Studium als Bauingenieur huet de Macri a verschiddene Firme vu sengem Papp Franco Macri geschafft. An de fréien 2000er Jore gouf hie politesch aktiv. 2003 huet hien d'Partei Compromiso para el Cambio gegrënnt a bei de Buergermeeschteschwalen zu Buenos Aires kandidéiert. An engem zweeten Ulaf, 2007, gouf e gewielt.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Mauricio Macri – Biller, Videoen oder Audiodateien