Alberto Ángel Fernández

Den Alberto Ángel Fernández, gebuer den 2. Abrëll 1959 zu, Buenos Aires, ass en argentinesche Jurist a Politiker (Partido Justicialista). Hien ass zanter dem 10. Dezember 2019 President vun Argentinien.

Alberto Ángel Fernández
Gebuer 2. Abrëll 1959
Buenos Aires
Nationalitéit Argentinien
Educatioun Universitéit vu Buenos Aires
Aktivitéit Politiker, Affekot, Universitéitsprofesser
Partei Partido Justicialista, Partido Justicialista

De Fernández war vun 2003 bis 2008 ënner de Presidenten Néstor Kirchner a Cristina Fernández de Kirchner hire Chef de Cabinet. De 26. Oktober 2019 huet hien als Kandidat vun der Parteienallianz Frente de Todos d'Presidentewalen (déi zäitgläich mat de Parlamentswale waren) gewonnen. Hie gouf den 10. Dezember als neie President vereedegt.

Virdru war hie Professeur-adjoint an der juristescher Fakultéit vun der Universitéit Buenos Aires.

Um Spaweck änneren

Commons: Alberto Ángel Fernández – Biller, Videoen oder Audiodateien