Mathias Glaesener

lëtzebuergesche Jurist a Member vum Staatsrot

De Mathias Glaesener, gebuer den 10. August 1858 zu Dikrech a gestuerwen den 21. Oktober 1924 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Jurist a Member vum Staatsrot.[2]

Mathias Glaesener
Gebuer 10. August 1858
Gestuerwen 21. Oktober 1924
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Riichter
Famill
Bestuet mat Marie-Thérèse Glaesener-Hartmann

No sengem Studium vum Droit gouf hien de 25. November 1880 den Eed als Affekot vereedegt.[2]

De 5. Mee 1885 gouf hie Substitut zu Dikrech..[2]

Den 2. Dezember 1893 gouf hien Untersuchungsriichter an der Stad Lëtzebuerg.[2]

Den 11. Dezember 1894 gouf hien Avocat-Général an der Stad Lëtzebuerg.[2]

Den 31. Mäerz 1914 gouf hie Procureur général d'Etat.[2]

De 4. November 1914 gouf hie Member vum ieweschte Militärgeriicht.[2]

Hie war vum 30. September 1902 bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot.[3]

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Doudesannonce vum Mathias Glaeser am Luxemburger Wort vum 22. Oktober 1924 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-02-22.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 2,6 Noruff op de Mathias Glaesener am Luxemburger Wort vum 22. Oktober 1924 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-02-22.
  3. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  4. Memorial A N° 4 vun 1923 mat der Lëscht vun de Leit déi 1923 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen