D' Maryam Mirzakhani (Farsi: مریم میرزاخانی), gebuer den 3. Mee 1977 zu Teheran, a gestuerwen de 14. Juli 2017, war eng iranesch Mathematikerin.

Maryam Mirzakhani
Gebuer 12. Mee 1977
Teheran
Gestuerwen 14. Juli 2017
Doudesursaach Broschtkriibs
Nationalitéit Iran, USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Mathematiker, Universitéitsprofesser, Topolog
Member vun Académie des sciences, American Philosophical Society, American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Sciences

Si krut 2014 als éischt a bis ewell eenzeg Fra, an och als éischt Persoun aus dem Iran, d'Fields-Medail. Si war zanter 2008 Professesch op der Stanford University.

Hir Fuerschunge waren haaptsächlech an der hyperbolescher Geometrie, der symplektescher Geometrie, der Teichmüllertheorie an der Ergodentheorie, souwéi der Theorie vun de Modulraim (Parameterraim) vun de Riemann-Flächen.

Si war mam tschechesche Mathematiker Jan Vondrák (* 1974) bestuet a Mamm vun enger Duchter. Si ass u Broschtkriibs gestuerwen.

Wierker (Auswiel) änneren

  • Simple geodesics and Weil-Petersson volumes of moduli spaces of bordered Riemann surfaces. Inventiones Mathematicae 167, 179–222 (2007), pdf.
  • Weil-Petersson volumes and intersection theory on the moduli space of curves. Journal of the American Mathematical Society 20, 1–23 (2007), pdf.
  • Growth of the number of simple closed geodesics on hyperbolic surfaces. Annals of Mathematics (2) 168–1, 97–125 (2008), pdf.
  • Growth of Weil-Petersson volumes and random hyperbolic surfaces of large genus. J. Differential Geom. 94 (2013), no. 2, 267–300, pdf.
  • mam Alex Eskin: Invariant and stationary measures for the SL(2,R) action on moduli space, Preprint 2013 pdf.
  • mam Alex Eskin, Amir Mohammadi: Isolation, equidistribution, and orbit closures for the SL(2,R) action on moduli space, Annals of Mathematics (2) 182–2, 673–721 (2015), pdf respektiv Arxiv

Um Spaweck änneren

Commons: Maryam Mirzakhani – Biller, Videoen oder Audiodateien