Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Mars Klein, gebuer den 8. Dezember 1948 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Journalist, Kabarettist an Auteur.

Mars Klein
Gebuer 8. Dezember 1948
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller, Lycéesprofesser

Hien huet Literatur a Sproochwëssenschaft studéiert an dono, ausser 1985-1995 als Attaché am Kulturministère, als Sproocheprofesser am Enseignement geschafft.

Hien huet, tëscht 1978 an 1982 Joren eleng, an dann neess, vun 2012 un als Ensembel "KMK", (2012 mam Claude Mangen a Rudi Schubert, 2016 an 2020 mam Véronique Kinnen a Sabine Rossbach) Cabaretsprogrammer gemaach.

Donieft huet hie feuilletonistesch a journalistesch Aarbechten iwwer d'Lëtzebuerger Gesellschaft, hir Geschicht, Sprooch a Kultur, publizéiert. Hien huet och Reesliteratur geschriwwen, an a villen Zäitschrëfte wéi Galerie, Lëtzebuerger Almanach, Le Phare, Revue an Tageblatt, seng Texter verëffentlecht.

Wierker änneren

  • Kleinvaterland - mein Stück aus diesem Testament. Kabaretstexter 1978-1981.
  • USA - das ganz andere Europa. Rees-Impressiounen. 1984.
  • Heimat im Gepäck. Feuilletonen, mat Zeechnunge vum Marc Haller, Publications mosellanes, 1991.
  • 1775-1995. Die Luxemburger in der Welt - Le tour du Monde des Luxembourgeois. Ein Lesebuch der Luxemburger Reiseliteratur. Erausginn a kommentéiert vum Mars Klein. 1995.
  • Scherz & Scherben. Ein widerborstiges Abecedarium, Le Phare, Esch/Alzette, 1995,
  • Ortswechsel - Reisebilder, Éditions ARTHESIS, 1999.
  • Ruhm & Größe in Bronze und Stein. Ein literarischer Spaziergang durch Europa mit Mars Klein, Le Phare, Esch/Alzette, 2007, ISBN 978-2-87964-098-3

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren