Mario Balotelli

italieenesche Foussballspiller
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Mario Barwuah Balotelli, gebuer den 12. August 1990 zu Palermo an Italien, ass en italieenesche Foussballspiller.

Mario Balotelli
De Balotelli an der Euro 2012 am Spill géint England

De Balotelli an der Euro 2012 am Spill géint England
De Balotelli an der Euro 2012 am Spill géint England
Spillerinformatiounen
Vollen Numm Mario Barwuah Balotelli
Gebuertsdag 12. August 1990
Gebuertsplaz PalermoItalien
Gréisst 189 cm
Positioun Stiermer
Veräiner an der Jugend
2001-2006
2006-2007
AC Lumezzane
Inter Mailland
Veräiner als Aktiven1
Joer Veräin Matcher (Goler)
2007–2010
2010-2013
2013-2014
2014-2016
2015-2016
2016-2019
2019
2019-
FC Internazionale Milano
Manchester City
AC Mailand
FC Liverpool
-> AC Mailand(gelèint)
OGC Nice
Olympique de Marseille
Brescia Calcio
59 (20)
54 (20)
54 (30)
28 (4)
23 (3)
76 (43)
15 (8)
12 (4)
Nationalekipp2
2010-2018 Italien 36 (14)

1 Nëmme Liga-Matcher.
 Stand: 4. Januar 2020
2Stand: 4. Januar 2020

Karriär änneren

Jugend änneren

Vun engem klenge Veräin a senger Noperschaft ass de Mario Balotelli 2001 bei den AC Lumezzane gewiesselt. Den 2. Abrëll 2006 huet e géint Calcio Padova säin Debut an der éischter Ekipp vun den Lumezzanesi an der Serie C1 ginn. Wéinst enger Ausnam konnt hie scho viru sengem 16. Gebuertsdag am italieenesche Profifoussball spillen a war sou de jéngste Spiller, deen an der Serie C agesat gouf.

Inter Mailand änneren

Den 31. August 2006 huet de Balotelli en Dräijoeresvertrag beim Inter Mailand ënnerschriwwen.

De 16. Dezember 2007 huet de Balotelli säin Debut an der Serie A ginn. Géint Cagliari Calcio ass hien an der 90. Minutt fir den David Suazo agewiesselt ginn. An der Véierelsfinall vun der Coppa Italia den 30. Januar 2008 huet hien zwéi Goler géint Juventus Turin geschoss an hat domat e groussen Undeel un der 3:2-Äuswäertsvictoire vun den Nerazzurri. Am Äuswäertsmatch géint Atalanta Bergamo de 6. Abrëll 2008 huet hie fir d'éischt an engem Meeschterschaftsmatch fir Inter vun Ufank u gespillt an ass bei der 2:0-Victoire vu senger Ekipp mat engem Gol an enger Virlag fir de Patrick Vieira direkt zum Matchgewënner gewielt ginn.

An der Saison drop hat de Balotelli ufanks Problemer mat dem neien Inter-Trainer José Mourinho. Sou ass de Balotelli e puermol aus dem Kader geholl ginn, well hien am Training ze wéineg Asaz gewisen huet. [Source?] De Balotelli konnt sech awer an der Réckronn, virun allem nodeem den Adriano den Inter verlooss huet, als Stammspiller duerchsetzen. Dobäi huet hien an 22 Ligamatcher 8 Goler geschoss.

Manchester City änneren

Den 13. August 2010 huet de Balotelli e puer Deeg no sengem Lännerspilldebut fir d'Squadra Azzurra en op fënnef Joer limitéierte Kontrakt beim engleschen Éischtligist Manchester City. Den 9. Abrëll 2012 huet den Trainer Roberto Mancini no der rouder Kaart am Spill géint Arsenal London bekannt ginn, datt hien de Balotelli net méi géif opstellen an de Summer drop verkafe géif. Als Grond huet hien d'Disziplinslosegkeete vum Balotelli uginn. Trotz dem Mancini senger Ukënnegung koum de Balotelli de leschte Spilldag vun der Saison géint Queens Park Rangers zu engem weideren Asaz, wéi e beim Stand vun 1:2 an der 75. Minutt agewiesselt gouf.

AC Mailand änneren

Den 31. Januar 2013 ass de Balotelli zeréck a seng Heemecht bei den AC Mailand gewiesselt. Hien huet bei de Rossoneri e Kontrakt mat Lafzäit bis zum 30. Juni 2017 ënnerschriwwenen. Schonn a sengem éischte Flichtmatch fir Milan huet de Stiermer déi zwéi Goler fir d'2:1-Victoire géint Udinese Calcio geschoss.

FC Liverpool änneren

De 25. August 2014 ass hie fir ëmgerechent 20 Milliounen Euro bei den FC Liverpool gewiesselt. Bei den Reds konnt de Balotelli sech nie richteg duerchsetzen. Am Summer 2015 ass hien zeréck bei den AC Mailand geléint ginn, wou hien och net konnt iwwerzeegen.

OGC Nice änneren

Den 31. August 2016 ass hie gratis op Nice an dei franséisch Ligue 1 gewiesselt.

Olympique de Marseille änneren

Den 23. Januar 2019 huet de Balotelli beim Ligakonkurrent Marseille ënnerschriwwen.

Brescia Calcio änneren

Den 18. August 2019 ass hien zeréck a seng Heemecht gewiesselt, nämlech bei Brescia Calcio.

An der Nationalekipp änneren

De Balotelli hat 2007 d′Wiel fir an Ghanaesch Foussballnationalekipp oder déi italieenesch Foussballnationalekipp, mä hien huet déi ghanaesch refuséiert. Am Joer 2009 stoung hien am Kader vun der italieenescher U-21-Auswiel fir d'U-21-Europameeschterschaft a Schweden. Den 19. Juni huet hien am zweete Gruppespill géint d'Schweden de Gol fir den 0:1 geschoss, duerno ass hie wéinst engem Foul vum franséischen Arbitter Tony Chapron mat Rout vum Terrain gesat ginn. D′Kontroll- an Disziplinarkummer vun der UEFA hunn de Mario Balotelli fir ee Spill gespaart.

De 6. August 2010 ass de Balotelli an der Ekipp vun der italieenescher A-Ekipp fir d'Lännerspill géint d'Elfebeeküst den 10. August 2010 opgesat ginn. De Balotelli stoung dobäi an der Startformatioun vun der Squadra Azzurra.

Hie war bei der Foussball-Europameschterschaft 2012 mat dobäi. Am Halleffinallespill Däitschland géint Italien (1:2) huet hien déi zwéi Goler fir Italie geschoss.

Perséinleches änneren

De Balotelli ass 1990 als Bouf vu ghanaeschen Immigranten an Italien op d'Welt komm. 1993 ass hien an d'Famill Balotelli vu Concesio (Provënz Brescia) komm, bei där hien opgewuess ass. Déi huet hien awer net adoptéiert an dowéinst konnt hien déi italieenesch Staatsbiergerschaft net direkt kréien. Mat 18 Joer konnt hien den 13. August 2008 déi italieenesch Staatsbiergerschaft unhuelen. Säi Brudder Enock Barwuah huet an Italie fir Sorrento Calcio, AC Carpenedolo, ASD Leopardi-Savoia a bei Manchester City an England gespillt awer hien ass erëm an Italie bei Bogliasco d'Albertis.