Marianengraben

Film vun der Eileen Byrne (2024)

Marianengraben (op Englesch: Mariana's Trench) ass e lëtzebuergesch-italieenesch-éisträichesche Spillfilm vun der Regisseurin Eileen Byrne, deen den 23. Oktober 2024 zu Lëtzebuerg an de Kino koum. Et ass den éischte Laangfilm vun der Regisseurin a baséiert um Bestsellerroman mam selwechten Numm vun der Jasmin Schreiber (2020). D'Luna Wedler spillt d'Haaptroll.

Marianengraben
Film
Produktiounsland Éisträich,
Lëtzebuerg,
Italien
Première 23. Oktober 2024
Faarf Faarweg
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Eileen Byrne
Dréibuch Eileen Byrne
Fotografie Petra Korner
Musek Claire Parsons
Produzent Alexander Glehr
Schauspiller
Luna Wedler,
Edgar Selge
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film?

änneren

D'Paula, eng jonk Studentin, trauert ëm hire Brudder, dee bei Trieste am Mier erdronk ass. Si begéint um Kierfecht dem Helmut (Edgar Selge), deen amgaang ass, d'Urn vu senger verstuerwener Fra auszegruewen, fir déi a Südtirol ze bréngen, op eng Plaz, wou se schéi Momenter zesummen haten. Zesumme maache se sech op de Wee dohin...

Produktioun

änneren

D'Kierfechtzeene goufen zu Esch-Uelzecht um Jousefskierfecht gedréint.

Rezeptioun

änneren
  • De Chris Lauer bedauert an der woxx, dass et der Iddi vum Film, déi schonns dacks thematiséiert gouf, un Originalitéit feelt[1]:

Leider [...] fehlt der luxemburgischen Produktion der nötige, durch Originalität erzeugte Biss. Sie lässt sich [...] auf ausgediente narrative Muster und Stilelemente ein. Die zwischen Konflikt und Eintracht hin- und herschwingende Beziehung zwischen den Hauptfiguren und ihr strapaziöser, von abenteuerlichen Episoden gekennzeichneter Roadtrip enthalten keine Überraschungsmomente, welche die altbekannten Erzählschemata durchbrechen könnten – und das, obwohl mit zwei Wendungen versucht wird, kleinere Knalleffekte zu erzeugen. [...] Auch formal arbeitet der Film mit abgenutzten Kniffen.

Gielercher

änneren

Referenzen

änneren
  1. Chris Lauer: " 'Marianengraben': Alter Wein in alten Schläuchen.2 woxx.lu, 07.11.2024.