Maria Cioncan

rumänesch Mëttelstreckeleeferin

D'Maria Cioncan gebuer den 19. Juni 1977 zu Maieru a Rumänien, a gestuerwen den 21. Januar 2007 bei Plewen, Bulgarien, war eng rumänesch Liichtathleetin.

Maria Cioncan
Gebuer 19. Juni 1977
Maieru
Gestuerwen 21. Januar 2007
Plewen
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit Rumänien
Aktivitéit Mëttelstreckeleefer
Gréisst 172 Zentimeter
Gewiicht 57 kg

D'Maria Cioncan war 2003 rumänesch Landesmeeschterin am 800-Meter-Laf, an 2003 an 2004 war se Landesmeeschterin am 1500-Meter-Laf.

Bei den XXVIII. Olympesche Summerspiller 2004 zu Athen krut se mat hirer perséinlecher Beschtzäit, am 1500-Meter-Laf, d'Bronze Medail hanner der Brittin Kelly Holmes (Gold) an der Russin Tatjana Tomaschowa (Sëlwer). Am 800-Meter-Laf gouf se déi siwent.

Um Heemwee vun engem Trainingslager a Griicheland, ass se den 21. Januar 2007 bei engem Autosaccident déidlech verongléckt.

Beschtleeschtungen änneren

Literatur änneren