Marguerite vu Brabant

Kinnigin
(Virugeleet vu(n) Margréit vu Brabant)

D'Marguerite vu Brabant, gebuer 1275/1276, a gestuerwen de 14. Dezember 1311 zu Genua, war dem Heinrich VII. vu Lëtzebuerg seng Fra an zanter hirer Kréinung 1309 réimesch-däitsch Kinnigin.

Marguerite vu Brabant
Gebuer 4. Oktober 1276
Gestuerwen 14. Dezember 1311
Genua
Nationalitéit Däitschland
Famill
Bestuet mat Heinrich VII. vu Lëtzebuerg
Papp Jean I. vu Brabant
Mamm Marguerite vun Dampierre
Geschwëster Jang II. vu Brabant, Jean Meeuwe, Marie vu Brabant, Marguerite vun Tervueren
Kanner Jang de Blannen, Marie vu Lëtzebuerg, Beatrice vu Lëtzebuerg

D'Marguerite war eng Duechter vum Herzog Jean I. vu Brabant a senger zweeter Fra, der Marguerite vu Flandern. Fir d'noperschaftlech Bezéiungen tëscht Brabant an der Grofschaft Lëtzebuerg nees ze verbesseren - déi wéinst der Schluecht vu Worringen a schlechten Dicher louch - gouf d'Marguerite mam jonke Grof Heinrich vu Lëtzebuerg bestuet. Si kruten ee Jong, de Jean (1296–1346, bekannt als Jang de Blannen, Kinnek vu Béimen), an zwou Duechteren: d'Marie (1304–1324), déi duerch hir Hochzäit mam Charles VI. 1322 Kinnigin vu Frankräich gouf, an d' Beatrix (1305–1319), zanter 1318 Kinnigin vun Ungarn.

1309 gouf d'Marguerite zu Oochen zur réimesch-däitscher Kinnigin gekréint. Si ass mat hirem Mann op deem seng Campagne an Italie gaangen, mam Zil, sech zum Keeser kréinen ze loossen. Bei der Belagerung vu Brescia huet si eng Epidemie opgeraf, déi ënnert den Zaldoten zirkuléiert ass, an ass e puer Méint drop, de 14. Dezember 1311 zu Genua gestuerwen, wou s'och begruewe gouf. Hiert Graf, dat den Giovanni Pisano 1313/14 op Commande vun hirem Wittmann gemaach hat, gouf 1804 zerstéiert an ass bis haut just nach a Form vu fënnef Fragmenter erhalen (haut zu Genua am Palazzo Bianco ze gesinn).

Literatur änneren

  • Heinz Thomas: Margarete von Brabant. Lexikon des Mittelalters,
  • Maria Elisabeth Franke: Kaiser Heinrich VII. im Spiegel der Historiographie (= Forschungen zur Kaiser- und Papstgeschichte des Mittelalters. Bd. 9). Böhlau, Köln u. a. 1992, ISBN 3-412-10392-6.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Margaret of Brabant, Holy Roman Empress – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren