Charles IV. vu Frankräich

De Charles IV. de Schéinen ("le Bel") vu Frankräich, gebuer den 18. Juni 1294, a gestuerwen den 1. Februar 1328 am Schlass Vincennes, war vun 1322 bis 1328 Kinnek vu Frankräich an, als Charles I., Kinnek vun Navarra (do hat en de Bäinumm de Plakapp).

Charles IV.
Titelen
Virgänger Philippe V.
Nofollger Philippe vu Valois
Biographie
Gebuer 18. Mee 1294 jul.
Creil
Gestuerwen 1. Februar 1328 jul.
Vincennes
Bestuet mat Marie vu Lëtzebuerg
Papp Philippe IV. vu Frankräich
Mamm Jeanne vun Navarra

Liewen änneren

De Charles IV. war den drëtte Jong vum Philippe IV. dem Schéinen († 1314) an deem senger Fra Jeanne vun Navarra († 1305). Als Prënz krut hien 1314 vu sengem Papp d'Grofschaft La Marche als Apanage. Nodeems säi grousse Brudder Philippe V. de Laangen 1322 ouni männlechen Direktierwe gestuerwen ass, gouf de Charles den 21. Februar 1322 zum neie Kinnek gekréint.

Wärend senger Regierungszäit koum et zu engem Bauerenopstand an der Grofschaft Flanderen. 1324 war hie Kandidat fir d'Walen zum Keeser vum Hellege Réimesche Räich, gouf awer net gewielt.

Hie louch och am Konflikt mat sengem Schwoer, dem Kinnek Edward II. vun England, dee refuséiert huet, fir d'Gascogne Lehen ze bezuelen. Dowéinst gouf et e puermol e militäresche Konflikt an der Gascogne (Krich vu Saint-Sardos, 1324). Seng Schwëster Isabelle, dem Edward seng Fra, konnt awer duerch Vermëttlung erreechen, datt de Sträit 1325 op en Enn goung. Well seng Schwëster him awer och nach 1327 den Agals Pénois iwwerdroen a 50.000 Pond Sterling ausbezuelt hat, huet spéiderhin den Edward III. dat zum Ulass geholl, fir e laange Sträit mat Frankräich unzefänken.

Eng Zäitchen huet de lëtzebuergesche Prënz Wenzel bei him um Haff gelieft, fir do erzunn ze ginn. De Charles IV. war och deem säi Pätter, wéi hien 1323 gefiermt gouf. De Wenzel gouf spéiderhin, als Karl IV., Keeser vum Hellege Réimesche Räich.

Chrëschtdag 1327 ass de Charles stënterlech krank ginn a kuerz dono um Schlass vu Vincennes gestuerwen. Hie gouf an der Kathedral vu Saint-Denis bäigesat.

Hie war dräimol bestuet: Am éischte Bestietnes mat der Blanche vun der Bourgogne hat hien:

  • Jeanne (* 1310; † 17. Mäerz 1322)
  • Philippe (* 5. Januar 1314; † 24. Mäerz 1322)

Nodeems de Poopst dat Bestietnes annuléiert hat, huet hie sech mat der Marie vu Lëtzebuerg bestuet; keent vun hiren zwee Kanner huet iwwerlieft:

  • Marguerite (1323–?)
  • Louis (*/† Mäerz 1324) (Fréigebuert)

Den 13. Juli 1325 huet hie sech fir d'drëtt bestuet, mat der Jeanne vun Évreux. Si kruten:

  • Jeanne (* 11. Mai 1326; † 16. Januar 1327)
  • Marie (* 1327; † 6. Oktober 1341)
  • Blanche (* 1. Abrëll 1328; † 7. Februar 1392), ⚭ 18. Januar 1344 mam Herzog Philippe vun Orléans (* 1336; † 1375).

Ausbléck änneren

Well hie keen direkte männlechen Nokommen hat, ass mat him déi direkt Linn vun de Kapetenger ausgestuerwen. Am Navarra gouf seng Niess d'Jeanne II. seng Nofollgerin, an a Frankräich säi rechte Koseng vu sengem Papp senger Säit, de Philippe vu Valois. Domat huet e Sträit ëm d'Recht op de franséischen Troun säin Ufank geholl tëscht dem franséischen Haus Valois (männlech Linn déi op de Philippe III. vu Frankräich zeréckgeet), an den englesche Monarchen, (déi sech op dem Charles seng Sëschter Isabelle beruff hunn), wat ee vun de Facteure war, firwat et zum Honnertjärege Krich koum.

Virgänger:
Philippe V.
Kinnek vu Frankräich
1322-1327
Nofollger:
Philippe vu Valois

Literatur änneren

  • Thierry Stasser: "The third marriage of King Charles IV of France and his offspring", Medieval Prosopography, vol. 14,‎ 1993, p. 1-26 (ISSN 0198-9405 an 2381-8700).

Um Spaweck änneren

Commons: Charles IV of France – Biller, Videoen oder Audiodateien