Beatrix vu Lëtzebuerg

Kinnigin vun Ungarn

D'Beatrix (oder Béatrice) vu Lëtzebuerg, gebuer 1305 a gestuerwen den 11. November 1319, war duerch hiert Bestietnes mam Károly I. vun Ungarn Kinnigin vun Ungarn, Kroatien an Dalmatien.

Beatrix vu Lëtzebuerg
Gebuer 1305 jul.
Prag
Gestuerwen 11. November 1319 jul.
Doudesursaach Gebuert
Nationalitéit Ungarn
Aktivitéit Kinnigin
Famill
Bestuet mat Károly I. vun Ungarn
Papp Heinrich VII. vu Lëtzebuerg
Mamm Margréit vu Brabant
Geschwëster Jang de Blannen, Marie vu Lëtzebuerg

Si war d'Duechter vum spéidere réimessch-däitsche Keeser Heinrich VII. a senger Fra Marguerite vu Brabant.

Mat 13 Joer, de 24. Juni 1318, gouf si mam Károly I. vun Ungarn, Kinnek vun Ungarn, Kroatien an Dalmatien, bestuet, dräi Joer nodeems deem seng éischt Fra, d'Maria vu Beuthen, gestuerwe war. Mat dësem Bestietnes sollt d'Dynastie vun de Lëtzebuerger mat engem wichtegen ëstlechen Noper verbonne ginn.

Den 11. Oktober 1319 huet d'Beatrix eng Duechter gebuer, déi awer nëmme just e puer Stonne gelieft huet. Och d'Beatrix selwer ass ee Mount drop, un de Follge vun där Gebuert, gestuerwen. Si gouf an der Kathedral vu Varaždin begruewen.

Ee Joer no hirem Doud huet de Karol sech mat der Elisabeth vu Polen bestuet.

Literatur änneren

  • Brigitte Sokop: Stammtafeln europäischer Herrscherhäuser. 3. Aufl. Wien 1993.

Um Spaweck änneren