Annemieke Verdoorn
hollännesch Schauspillerin
(Virugeleet vu(n) Margo)
D'Annemieke Margo Verdoorn, gebuer den 8. August 1961 zu Rotterdam, ass eng hollännesch Schauspillerin, déi virun allem bekannt gouf duerch verschidde Rollen a Fernsee-Serien, déi se jorelaang am hollännesche Fernsee gespillt huet.
Annemieke Verdoorn | |
---|---|
Gebuer |
8. August 1961 Rotterdam |
Nationalitéit | Holland |
Aktivitéit | Schauspiller, Sänger, Filmschauspiller |
Si huet Lëtzebuerg ënner dem Kënschtlernumm Margo als Deel vun engem Sextett beim Eurovision Song Contest 1985 zu Göteborg vertrueden. Mam Lidd "Children, Kinder, enfants" koum d'Grupp mat 37 Punkten op déi 13. Plaz.[1]
Si wunnt elo zesumme mat hirem Mann an hirem Jong zu Sydney, Australien.