Haaptmenü opmaachen

De Marcel Lamboray, gebuer den 3. Mäerz 1925 zu Fëlschdref, gestuerwen den 10. Januar 2008, war jorelaang Direkter vun der Bourse vu Lëtzebuerg.

De Marcel Lamboray goung zu Beetebuerg an d'Primärschoul an duerno an den Athénée. Wärend dem Zweete Weltkrich war hien Zwangsrekrutéierten.

Nom Krich huet hien 1946 ugefaange bei der Lëtzebuerger Bourse ze schaffen, wou hien dee Moment ee vu just dräi Employéeë war. 1962 ass hie Sekretär vun der Bourse genannt ginn. 1971 krut hien den Titel Generalsekretär an 1979 ass hie schliisslech Direkter vun der Bourse genannt ginn. Hien ass 1987, no 41 Joer am Déngscht vun der Bourse, an d'Pensioun gaangen. De Verwaltungsrot huet hien "Directeur honoraire" gemaach. A senger Zäit huet d'Bourse vu Lëtzebuerg sech zur bedeitendster Bourse an Europa fir de Listing vun internationalen Obligatiounen entwéckelt.

QuellenÄnneren

Michel Maquil: In memoriam Marcel Lamboray, Luxemburger Wort, 16. Februar 2008, S. 92