Marc Riboud

franséische Fotograf

De Marc Riboud, gebuer de 24. Juni 1923 zu Lyon a gestuerwen den 30. August 2016[1], war e franséische Fotograf a Member vun der Fotosagence Magnum Photos.

Marc Riboud
Gebuertsnumm Marc Eugène Riboud
Gebuer 24. Juni 1923
Saint-Genis-Laval
Gestuerwen 30. August 2016
13. Arrondissement
Doudesursaach Alzheimer
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Fotograf, Fotoreporter, Reporter, Krichsfotograf, RIF- Resistenzler, Journalist
Member vun Magnum Photos
Famill
Geschwëster Antoine Riboud

Nom Zweete Weltkrich, wou hie vun 1943 bis 1945 Member vun der Résistance war, huet de Marc Riboud vun 1945 bis 1948 Maschinnebau studéiert an dunn als Ingenieur zu Lyon geschafft. E puer Joer drop huet hien awer decidéiert, als fräie Fotograf ze schaffen a goung 1952 op Paräis. Do huet en d'Fotosjournaliste Robert Capa an Henri Cartier-Bresson kenne geléiert a sech der Fotosagence Magnum ugeschloss, déi déi zwéi kuerz virdru gegrënnt haten. Vun 1954 un huet de Riboud zu London gelieft a geschafft. 1955 gouf hie Vollmember bei Magnum an huet an de Joren dono eng Serie vu Fotosexpeditionen an Asien gemaach. 1957 huet hie China ënnert dem Mao-Regime fotografesch dokumentéiert. An de Joren dono huet hie Reportagen iwwer d'Befreiungskricher an Algerien an an aneren afrikanesche Länner, d'Sowjetunioun, Nord- a Südvietnam, ma och iwwer Paräis a soss Stied, gemaach.

Vun 1959 bis 1973 war hie Vizepresident, vun der europäescher Branche vu Magnum 1975 gouf en hire President. Vun 1980 huet hie just nach sporadesch als fotografesche Mataarbechter fir d'Agence geschafft.

Fir säi fotografescht Wierk krut de Riboud eng Hellewull Präisser, dorënner den Overseas Press Club Award. Seng Biller sinn a villen Ausstellungen doruechter ze gesinn, dorënner am Musée National d'Art Moderne zu Paräis.

Zu senge bekanntste Biller zielen déi vun engem Usträicher um Eiffeltuerm a vun enger jonker Fra mat enger Blumm, déi Zaldote vis-à-vis steet, 1967 op enger Friddensmanif zu Washington.

Publikatiounen änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Le photographe Marc Riboud est décédé" op lefigaro.fr.