De Manuel Peimbert (oder Manuel Peimbert Sierra), gebuer den 9. Juni 1941 zu Mexiko-Stad) ass e mexikanesche Physiker an Astronom.

De Peimbert krut 1962 de BA an der Physik op der Universitéit vu Mexiko (UNAM) an 1967 de PhD an der Astronomie op der Universitéit vu Kalifornien. Hien ass zanter 1968 Professer op der UNAM. Zu senge Fuerschungsschwéierpunkte gehéiere physikalesch Eegenschaften a Gasniwwelen, speziell d'cheemesch Zesummesetzung vun H II Regiounen.

Auszeechnungen änneren

  • 2012 Hans-A.-Bethe-Präis zesumme mat senger Fra Silvia Torres-Peimbert fir Aarbechten iwwer d'kosmologesch Heliumheefegkeet an d'Heefegkeet vun aneren Elementer an de Konsequenze fir d'Kosmologie an déi cheemesch Evolutioun vu Galaxien a Stären.

Um Spaweck änneren