Manitoba
Fändel Wopen
Devise: Gloriosus et Liber

All Provënzen an Territoirë vu Kanada
Land: Kanada
Haaptstad: Winnipeg
Gréisst Stad: Winnipeg
Premierminister: Heather Stefanson (PC)
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 8. Plaz
649.950 km²
11,5 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 5. Plaz
1.208.268 (2015)
2,2/km²
Deel vu Kanada ginn: 15. Juli 1870
Offiziell Sprooch: Englesch
Zäitzon: UTC-6/-5
Postcode: MB

De Manitoba ass eng Provënz am Zentrum vu Kanada.

Geschicht änneren

D'Regioun ass schonn zënter JoerDausende bewunnt. Am spéide 17. Joerhonnert si Pelzhändler komm an éischt Europäer hu sech niddergelooss. 1867 hunn d'Verhandlungen iwwer d'Schafe vun der Provënz Manitoba, eng bewaffent Rebellioun vum Métis-Vollek géint d'Regierung vu Kanada provozéiert. Dëse Konflikt ass als "Red River Rebellion" bekannt. 1870 dunn huet d'kanadescht Parlament de "Manitoba Act" gestëmmt deen d'Provënz Manitoba geschaf huet.

Geographie änneren

De Manitoba grenzt un d'kanadesch Provënzen Ontario am Osten a Saskatchewan am Westen, an d'kanadesch Territoiren Nunavut am Norden an d'Northwest Territories am Nordwesten. Un de Süde vun der Provënz grenzen d'US-Bundesstaaten North Dakota a Minnesota. Am Nordoste läit s'op der Hudson Bay.

De Lake Winnipeg ass den zéngtgréisste Séisswaasserséi op der Äerd.

Demographie änneren

2011 hu méi wéi 1,2 Millioune Leit an der Provënz gelieft, dovun iwwer d'Hallschent an der Regioun rondrëm d'Haaptstad Winnipeg.

Ekonomie änneren

D'Ekonomie vum Manitoba baséiert vill op natierleche Ressourcen. Wichteg Secteure si Landwirtschaft, Tourismus, den Energie- a Pëtrolssecteur, Biergbau a Forstwirtschaft.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Manitoba – Biller, Videoen oder Audiodateien