De Mamnoon Hussain (Urdu: ممنون حسی), gebuer den 2. Mäerz 1940 zu Agra an Indien, ass e pakistanesche Geschäftsmann a Politiker[1]. Hie war vun 2013 bis 2018 President vu Pakistan.

Mamnoon Hussain
Gebuer 23. Dezember 1940
Agra
Gestuerwen 14. Juli 2021
Karatschi
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Brittesch-Indien, Pakistan
Aktivitéit Politiker, Entreprener

Den Hussain war 1999 fir kuerz Zäit Gouverneur vun der Provënz Sindh, huet dëst Amt awer nom Militärputsch duerch de Pervez Musharraf nees verluer. Hie gouf President vun der Industrie- an Handelskummer vu Karatschi.[2]

2013 gouf hie vun der Moslemliga (déi och an der Regierung war) als Kandidat fir d'Presidentschaftswal 2013 nominéiert. Den 30. Juli 2013 gouf de Mamoon Hussein, als Nofollger vum Asif Ali Zardari, deen net méi kandidéiert hat, zum 12. President vu Pakistan gewielt. Den 9. September 2013 huet hie säi Mandat offiziell ugetrueden.[3]

Referenzen änneren

  1. "Mamnoon Hussain ist neuer Präsident Pakistans", Der Standard, 2013-07-31
  2. "Pakistan: Geschäftsmann Hussain zum Präsidenten gewählt." faz.net, 30. Juli 2013.
  3. "Pakistans Staatschef Zardari aus dem Amt geschieden" Die Welt, 2013-09-08