De Pervez Musharraf (Urdu: پرویز مشرّف‎), gebuer den 11. August 1943 zu Delhi a gestuerwen de 5. Februar 2023 zu Dubai, war e pakistanesche Generol a Politiker.

Pervez Musharraf
Funktioun
Biographie
Gebuer 11. August 1943
Gestuerwen 5. Februar 2023
Educatioun Royal College of Defence Studies

Hie war vun 2001 bis zu sengem Récktrëtt 2008 Staatspresident vun der Islamescher Republik Pakistan. Den 12. Oktober 1999 hat hie sech duerch en onbluddege Putsch géint den Nawaz Sharif un d'Spëtzt vun der Regierung gesat.2001 gouf hie formell Staatspresident.

Säin ëmmer méi diktatoresche Regierungsstil - 2007 huet hien den Ausnamezoustand ausgeruff - an den ausserpolitesche Rapprochement un d'Vereenegt Staaten, zanter den Terroruschléi vum 11. September 2001 an den USA hunn dozou gefouert, datt en innepolitesch ëmmer méi ënner Drock geroden ass. Hien huet dräi Attentatsversich op hien iwwerlieft.

De Pervez Musharraf ass am Exil zu Dubai gestuerwen.

Literatur änneren

  • Pervez Musharraf: In the Line of Fire – A Memoir. Free Press, New York, 2006.

Um Spaweck änneren

Commons: Pervez Musharraf – Biller, Videoen oder Audiodateien