Malcolm X

US-amerikanescher Leader vun der Bierrgerrechtsbeweegung

De Malcolm X [ mælkəm ˈɛks ], gebuer den 19. Mee 1925 zu Omaha, am Nebraska, a gestuerwen den 21. Februar 1965 zu New York City, mam richtegen Numm Malcolm Little, no enger Pilgerrees op Mekka, 1964, El Hajj Malik el-Shabazz, war en US-amerikanescher Leader vun der Bierrgerrechtsbeweegung.

Malcolm X
Gebuertsnumm Malcolm Little
Pseudonym Malachi Shabazz
Gebuer 19. Mee 1925
Omaha
Gestuerwen 21. Februar 1965
Manhattan
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit USA
Aktivitéit Politiker, Autobiograph, politeschen Aktivist, Mënscherechtler

De Malcolm Little ass a schwéiere Verhältnesser opgewuess - säi Papp war fréi gestuerwen, seng Mamm koum an eng Nerveklinik - sou datt e seng Jugend an Heemer a Fleegfamille verbruecht huet. Well ee vu senge Grousselteren Schwaarz war, hat och hien e méi en däischteren Teint. Dowéinst huet hien d'Rassendiskriminéierung ze spiere kritt, hie konnt zum Beispill net do studéiere goe wou e wollt. Als Protest huet hie sech seng Hoer, déi roudelzeg waren, schwaarz gefierft, an ass an d'Sonn gaange fir méi brong ze ginn. Hien huet sech vun do u voll mat deene Schwaarzen identifizéiert an ass an e "Schwaarzequartier" wunne gaangen, wou e sech mat Geleeënheetsjobs, duerno ëmmer méi mat Klengkriminalitéit, iwwer Waasser gehalen huet.

Wéinst Vol an Abréch koum hien 1946 fir 10 Joer an de Prisong. Do huet hie vill Bicher gelies an sech esou autodidaktesch a Philosophie a Geschicht virugebilt. Och konnt hien do, an Debattéiergruppen, säi rhetoreschtTalent ausbauen. An där Zäit huet hien och wwer säi Brudder Philbert d'Nation of Islam kennegeléiert, deen dovu Member war. Et war dëst eng Zort politesch-reliéis Beweegung, déi Elementer vun der Emanzipatioun vun deene Schwaarze mat därs aus dem Islam verknëpt huet. De Malcolm huet sech iwwerzeege gelooss a sech vun do u just nach "Malcolm X" genannt, well der Nation hirer Iwwerzeegung no de Familljennumm vun den amerikanesche Schwaarzen dee wier, deen déi wäiss Sklavenhalter hinne ginn haten, an hire "richtegen" Numm onbekannt blouf (dofir "X").

Wéi en entlooss gouf, goung en op Detroit, wou en de Leader vun der Nation of Islam, den Elijah Muhammad, kennegeléiert huet, deen eng Zort Ersatzpapp fir hie gouf. No an no huet den X sech un d'Spëtzt vun der Organisatioun eropgeschafft. Hie gouf hiren nationale Porte-parole an huet d'Segregatioun an d'Ongerechtegkeeten, déi zënter Johonnerten tëscht Schwaarz a Wäiss waren, ugeprangert.

De Malcolm X (riets) bei enger Diskussion mam Martin Luther King (lénks)

Hien huet sech dobäi radikal géint de Martin Luther King gestallt, deem seng Iwwerzeegung et war, ouni Gewalt eng Ännerung vun de Verhältnesser z'erreechen. Den Malcolm X war iwwerzeegt, dem King seng Method géif zu näischt féieren, an huet him virgeworf, sech implizit weiderhin de Wäissen z'ënnerwerfen, wat hien, de Malcolm X, net méi wëlles wier, ze maachen. Am Géigesaz zum King huet de Malcolm X déi Schwaarz dozou opgeruff, sech géint déi "wäiss" Gewalt, ënner där se zënter Joerhonnerten ze leiden haten, ze verdeedegen, "by any means necessary" ("mat alle Mëttelen, déi néideg sinn").

Enn 1963 huet de Malcolm X sech no an no vum Elijah Muhammad distanziéiert, well deen ë. a. eng ganz Rëtsch Affäre mat anere Frae wéi där, mat där e bestuet war, hat. Hien ass aus der Nation of Islam ausgetrueden an huet, mat aneren, déi och ausgetruede waren, d'Muslim Mosque Inc. gegrënnt, an där e weiderhi Relioun mat der Philosophie vum "Schwaarzen Nationalismus" verbonnen huet. 1964 huet hien en Haddsch op Mekka gemaach an huet sech ewell El Hajj Malik el-Shabbaz genannt (blouf awer weider ënner sengem viregten Numm bekannt). Ausserdeem ass hie 4 Méint laang duerch Afrika gereest, wou e mat anti-kolonialistesche Kämpfer geschwat huet, an zu der Iwwerzeegung komm ass, d'islamescht Fraebild, vun deem e bis do iwwerzeegt war, misst revidéiert ginn, well a progressive Staaten och d'Fraen eng fortschrëttlech a kämpferesch Roll gespillt hunn.

De Malcolm X huet ewell den antikoloniale Befreiungskampf an Afrika (a soss doruechter an der Drëtter Welt) an d'Emanzipatioun vun de Schwaarzen an den USA als een an dee selwechte Kampf gesinn, dee politesch duerch en antikapitalisteschen, sozialistesche Gesellschaftsmodell gefouert misst ginn, well Rassismus eng Zort Bedingung vum Kapitalismus wier. Hien huet dofir d'Organisatioun fir d'afroamerikanesch Eenheet (OAAU) initiéiert, déi d'Verbindung tëscht Afro-Amerikaner an Afrikaner opstelle sollt.

Den 21. Februar 1965 gouf hien am Audubon Ballroom zu Washington Heights (New York City) nodeems en do eng Ried gehalen hat, vun dräi Männer erschoss. Si waren Adepte vun der Nation of Islma, déi Vengence wollten huelen, dofir, datt de Malcolm X de den Elijah Muhammad kritiséiert a beleidegt gahat hätt.

Dem Historiker Manning Marable no hätt den FBI an d'Police vun den Attentatspläng gewosst, mä näischt dergéint ënnerholl.[1],[2],[3]

De Malcolm X war zënter 1958 mat der Betty Jean Sanders bestuet, a si hate sechs Duechteren.

Ausbléck

änneren

Dem Malcolm X seng Vuën iwwer d'Schwaarzebeweegung goufe vun der Black Panther Party opgegraff, déi 1966, ee Joer nodeems en ermuert gi war, gegrënnt gouf.

Literatur

änneren
  • George Breitman: The last year of Malcolm X. The evolution of a revolutionary. Pathfinder, New York 2004, ISBN 0-87348-004-X
  • Jan Carey: Ghosts in our blood. (de: "Geister in userem Blut, Atlantik, Bremen 1997, ISBN 3-926529-10-5)
  • Alex Haley: The autobiography of Malcolm X.
  • Robert L Jenkins, Mfanya D. Tryman: The Malcolm X encyclopedia. Greenwood, Westport, Conn. 2002, ISBN 0-313-29264-7
  • Charles Eric Lincoln: The Black Muslims in America. Eerdmans, Grand Rapids (Michigan) 1994, ISBN 0-86543-400-X
  • Manning Marable: Malcolm X: A Life of Reinvention. The Penguin Press, New York 2011, ISBN 978-0-670-02220-5.
  • Bruce Perry: Malcolm X (Malcolm). Junius, Hamburg 1993, ISBN 3-88506-215-1
  • Theresa Perry (Hrsg.): Teaching Malcolm X. Routledge, N.Y. 1996, ISBN 0-415-91154-0
  • Albert Scharenberg: Schwarzer Nationalismus in den USA. Das Malcolm X-Revival. Westfälisches Dampfboot, Münster 1998, ISBN 3-89691-433-2 (zugl. Dissertation, Freie Universität Berlin 1997)
  • Robert Terrill (Hrsg.): The Cambridge companion to Malcolm X. Cambridge University Press, Cambridge 2010. ISBN 978-0-521-73157-7
  • Kwame Toure, Charles V. Hamilton: Black Power. The politics of liberation in America. Vintage, New York 1992, ISBN 0-679-74313-8 (Nachdruck d. Ausg. NY 1967)
  • Britta Waldschmidt-Nelson: Martin Luther King und Malcolm X. Fischer TB, Frankfurt 2002, ISBN 3-596-14662-3
  • Britta Waldschmidt-Nelson: Malcolm X. Der schwarze Revolutionär. Beck, München 2015, ISBN 978-3-406-67537-9

Um Spaweck

änneren
Commons: Malcolm X – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Entzauberung eines Mythos, einestages – Zeitgeschichten auf Spiegel Online, Bericht vom 7. April 2011
  2. Neue Spekulation über Mord an Malcolm X in: Spiegel Online vom 2. April 2011
  3. Hugh Muir: Malcolm X: the man behind the myth. Guardian, 7. April 2011