Mairead Corrigan

nordiresch Friddensaktivistin


D'Mairead Corrigan-Maguire, gebuer de 27. Januar 1944 zu Belfast an Nordirland ass eng brittesch Friddensaktivistin.

Mairead Corrigan
D'Mairead Corrigan-Maguire op enger Pressekonferenz vum Free Gaza Movement am Juli 2009.
Gebuer 27. Januar 1944
Belfast
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Trinity College Dublin
Aktivitéit Friddensaktivist, Politiker

Nodeems Familljemembere vun hir zoufälleg an eng Schéisserei tëscht der Arméi an der IRA gerode waren an dobäi ëmkomm sinn, huet si, zesumme mat der Betty Williams d'Community of Peace People[1] gegrënnt, eng nordiresch Friddensbeweegung, déi doruechter Peace ralleys organiséiert hunn, wou Honnertdausende vu Mënschen zesummekoumen. Dofir kruten déi zwou 1976 de Friddensnobelpräis.

An de Joren duerno huet si sech weiderhi fir Gewaltlosegkeet agesat. Si war aktiv an der irescher Ökumeenescher Beweegung, an huet sech och international fir Friddensprojeten agesat, wéi fir d'Fräiloosse vun der burmesescher Politikerin Aung San Suu Kyi oder fir eng Léisung am israeelesch-palestinesesche Konflikt.

Literatur änneren

  • Mairead Corrigan-Maguire: The Vision of Peace: Faith and Hope in Northern Ireland. 1999, ISBN 1-57075-251-6.
  • Ciaran McKeown: The Passion of Peace. Blackstaff Press, Belfast 1984, ISBN 0-85640-325-3.
  • Richard Deutsch: Mairead Corrigan, Betty Williams. Two Women Who Ignored Danger in Campaigning for Peace in Northern Ireland. Woodbury, N.Y. 1977, ISBN 0-8120-5268-4.
  • Sarah Boucher, Bettina Ling, Charlotte Bunch: Máiread Corrigan and Betty Williams: Making Peace in Northern Ireland. 1994. (Kannerbuch)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Mairead Corrigan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. ursprénglech: „Northern Ireland Peace Movement“