Maggy Masselter
lëtzebuergesch Molerin
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Maggy Masselter, gebuer den 18. Januar 1942 zu Rëmeleng[1], ass eng lëtzebuergesch Nonn, Molerin a Sculptrice.[2]
Maggy Masselter | |
---|---|
Gebuer |
18. Januar 1942 Rëmeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Institut pédagogique, École nationale supérieure d'art de Nancy |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur, Nonn |
No hirem Studium am Institut pédagogique zu Walfer ass d'Maggy Masselter vun 1967 bis 1972 zu Nanzeg op d'École des beaux-arts de Nancy (haut École nationale supérieure d'art de Nancy) gaangen an ass an d'Kongegratioun vun der Doctrine chrétienne agetrueden. Bis zu hirer Pensioun huet si als Formatrice am PRH Formation Développement a Frankräich geschafft.[3]
Hir Wierker, dacks mat engem déiwe reliéisen Hannergrond, ginn zanter 1972 a Frankräich an zu Lëtzebuerg ausgestallt.
D'Maggy Masselter lieft a schafft zu Marguerittes am Departement Gard.
Ausstellungen
änneren- 1977: Salon du CAL
- 1982: La femme dans la peinture luxembourgeoise, Lëtzebuerg
- 2021: Figure in Print: La représentation humaine dans la gravure au Luxembourg de 1945 à nos jours , Nationalbibliothéik / MNHA
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ (en)Maggy Masselter. Lëtzebuerger Konschtlexikon. Gekuckt de(n) 15.10.2024.
- ↑ Portrait Maggy Masselter um Site artothek.rpi-virtuell.net
- ↑ Maggy Masselter, peintre et formatrice PRH a pris sa retraite Archivéiert de(n) 12.01.2013. Gekuckt de(n) 05.01.2014.