Maison Moderne ass de Markennumm vum lëtzebuergesche Verlagshaus MM Publishing and Media.[3]

MM Publishing and Media S.A.
Typ Aktiegesellschaft
Grënnungsdatum 9. Dezember 2010[1]
Sëtz 10, rue des Gaulois
L-1618 Stad Lëtzebuerg
Lëtzebuerg
Leedung Mike Koedinger (President vum
Verwaltungsrot)
Mataarbechter 210 (2018)[2]
Ëmsaz 13.398.000 Euro (2017)[2]
Branche Verlagswiesen
Produit Zäitschrëften, online Medien
Homepage www.maisonmoderne.com

Geschicht änneren

D'Virgängerfirme vu Maison Moderne ware verschidde Medienentreprisen, déi an den 1990er a fréien 2000er Jore vum Mike Koedinger gegrënnt gi sinn. Dem Mike Koedinger seng éischt Verëffentlechung war de Guide Explorator, dee mat Ënnerstëtzung vun RTL an hirer Publicitéitsfirma IPL am Oktober 1994 lancéiert gouf. E war ee vun deenen éischte vun enger Well un neien a kuerzliewegen Zäitschrëften an der Lëtzebuerger Medielandschaft an den 1990er Joren. Am Dezember 1996 huet de Koedinger dunn Nightlife.lu lancéiert, eng Zäitschrëft iwwer d'Nuetsliewen zu Lëtzebuerg, an am Oktober 1997 den New Media Guide, aus deem spéider de Paperjam Guide sollt ginn. Am September 2002 ass d'Trendzäitschrëft Nico vir d'éischt erauskomm an am Juni 2000 d'Wirtschaftszäitschrëft Paperjam, déi och haut nach zu de wichtegste Publikatioune vu Maison Moderne gehéiert.[4]

2010 sinn d'Éditions Mike Koedinger mat der Marketing-Regie tempo! an dem Graphikstudio INgrid zesummegeluecht ginn an a Maison Moderne ëmbenannt ginn. Déi zwou lescht waren Joint Ventures, déi zur Hallschecht den Éditions Mike Koedinger gehéiert hunn.[1][4],[5]

2010 hu bei Maison Moderne 49 Leit geschafft, 2018 waren et der schonn 110.[2] Och den Ëmsaz ass kontinuéierlech geklommen, vu 7,2 Milliounen am Joer 2013 op 13,4 Milliounen Euro am Joer 2017.

Tätegkeet änneren

Maison Moderne gëtt an éischter Linn Zäitschrëften eraus, mä huet sech an de leschte Joren ëmmer méi diversifiéiert, ë. a. iwwer hir Internetsiten, op deenen och ëmmer méi Video ugebuede gëtt, oder awer als Editeur vu Bicher. Ausserdeem organiséiere si Evenementer a schaffe Publicitéitscampagnen aus. 2019 sinn d'Zäitschrëfte Paperjam, Delano an Archiduc verëffentlecht ginn an nach d'Säit explorator.lu bedriwwe ginn, op deem ee Restauranten zu Lëtzebuerg ka reservéieren. Donieft huet Maison och nach aner Zäitschrëfte fir Cliente publizéiert : City fir d'Stad Lëtzebuerg, Flydoscope fir d'Luxair, Merkur fir d'Chambre de commerce, Hex fir d'Nordstad, Happen fir Luxinnovation a GUDD! fir de Lëtzebuerger Landwirtschafts- a Wäibauministère. (Stand: Summer 2019)

Fréier Zäitschrëfte vu Maison Moderne waren ënner anerem Nico an Désirs.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 adada.lu: INgrid devient Maison Moderne Design (2. Januar 2011)
  2. 2,0 2,1 2,2 Presentatioun vu Maison Moderne op paperjam.lu (gekuckt den 1. Juli 2019)
  3. Quell, wou net anescht uginn: "Who We Are" op maisonmoderne.lu, gekuckt: 2014-12-10.
  4. 4,0 4,1 tradeandinvest.lu: Maison Moderne – Under the banner of independence (26. Mäerz 2018)
  5. Georges Briol: "Maison Moderne: 20 ans de presse indépendante." in: flydoscope Nr. 5/2014, S. 36-38.