Nightlife war eng lëtzebuergesch Gratiszäitschrëft an där et haaptsächlech ëm d'Nuetsliewen zu Lëtzebuerg gaangen ass. Si ass 2003 vum Pierre Thomas gegrënnt ginn an huet 2010 Faillite gemaach.[1] Ronn 26.000 Exemplaire sinn op 450 Plazen zu Lëtzebuerg an deelweis och an der Groussregioun verdeelt ginn. Si huet sech u Leit tëscht 18 a 45 Joer geriicht.[2] Nightlife war op Franséisch an d'Redaktioun hat hire Sëtz zu Stroossen.

2009 hat Nightlife e komplett neit Konzept presentéiert.[3] E Joer drop huet si wéinst engem Sträit tëscht den Aktionären, dem Pierre Thomas (30% vum Kapital) an der franséischer Firma Metropeoplitan (70% vum Kapital) hir Faillite bekannt gemaach. Zu deem Zäitpunkt hat si dräi fest Employéen.[4]

Vun 1997 bis 2002 ass et eng schonn eng aner Zäitschrëft mam Numm Nightlife zu Lëtzebuerg ginn. Si war vum Mike Koedinger gegrënnt ginn.[5],[6]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. L'essentiel: Nightlife n'est plus 821. September 2010; gekuckt de 6. Juni 2012
  2. tout-luxembourg.com: Nightlife magazine - Brève description (gekuckt de 6. Juni 2012)
  3. keepcontact.lu: Nouvelle formule pour NightLife Magazine (25. September 2009; gekuckt de 7. Juni 2012)
  4. Paperjam: Une querelle d'actionnaires met fin à Nightlife (21. September 2010; gekuckt de 7. Juni 2012)
  5. Facebook: Luxembourg's leading monthly magazine on urban culture published from 1997 - 2002. (gekuckt de 7. Juni 2012)
  6. Luxuriant: Mike Koedinger, la dépendance à l'édition indépendante (8. Juni 2008; gekuckt de 7. Juni 2012)