Männer, déi Sex mat Männer hunn

Als Männer, déi Sex mat Männer hunn (ofgekierzt als MSM, aus dem Englesche Men who have sex with men oder males who have sex with males) gi männlech Persoune bezeechent, déi sech op sexuell Aktivitéite mat Leit vum selwechte Geschlecht aloossen, egal wéi si sech selwer identifizéieren (zum Beispill heterosexuell oder homosexuell).

De Begrëff gouf an den 1990er Jore kreéiert, fir d'Ausbreede vu Krankheeten tëscht Männer, déi Sex mat Männer hunn, ze studéieren, ouni datt d'sexuell Identitéit dobäi wichteg ass.[1] Fir Epidemologen am schwieregsten erreechbar sinn nämlech MSMen, déi sech als heterosexuell definéieren. Ë. a. gëtt et der vill, déi net wëllen oder net kënnen akzeptéieren, datt si homosexuell oder bisexuell sinn.

De Begrëff erlaabt et donieft och, aner mat Wäerter oder Ideologië geluede Begrëffer z'evitéieren.

Referenzen änneren

  1. UNAIDS: Men who have sex with men (gekuckt de 14. Januar 2013)