Luxemburger Zeitung (1844-1845)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Luxemburger Zeitung déi tëscht 1844 an 1845 erauskoum. Fir aner Zeitunge mat deem Numm, kuckt wgl. Luxemburger Zeitung (Homonymie).

D'Luxemburger Zeitung war eng kathoulesch däitschsproocheg Zeitung déi vum 3. September 1844 un, dräimol an der Woch an der Stad erauskoum. Vum 1. Januar 1845 un war et déi éischt lëtzebuergesch Dageszeitung.

Si war, trotz hirem Titel, op den däitsche Marché, am Rheinland, ausgeriicht. Den Ernest Grégoire, deen den 9. Oktober 1844 hiren Editeur gouf, hat virdru probéiert, zu Tréier eng kathoulesch Zeitung erauszebréngen, woufir en awer keng Autorisatioun kritt hat. Dofir huet en dann déi Zeitung vu Lëtzebuerg aus erausbruecht. An den éischten 3 Méint, wou se bestoung, war den F. Zucker (1820-?), e fréiere Ënnerleitnant bei der preisescher Garnisoun, den Editeur, dono, vum 9. Oktober 1844 u war et den Ernest Grégoire. Dernieft war och de Berliner Gustav Rintel (1810-1854) Redakter[1].

Am Juni 1845 gouf d'Luxemburger Zeitung wéinst « délit de presse» a well sech hire Redakter, den Ernest Grégoire, ouni Ënnerbriechung a Frankräich opgehalen huet, ofgeschaaft[2].

D'Luxemburger Zeitung gëtt als eng Zort Virleeferin vum Luxemburger Wort ugesinn.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg 1704-2004. Luxemburg: Informations- und Presseamt der Regierung, 2004. ISBN 2-87999-135-8, S.48-53.
  2. Jules Mersch, François-Charles Munchen. Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 02 - S. 429. luxemburgensia.bnl.lu. Gekuckt de(n) 04.01.2022.