Luxemburger Volks-Zeitung

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Luxemburger Volks-Zeitung vun de Bridder Heintzé. Fir déi homophon Zeitung, déi 1893-1923 erauskoum, kuckt wgl. Luxemburger Volkszeitung.

Luxemburger Volks-Zeitung war eng däitschsproocheg Dageszeitung zu Lëtzebuerg, déi vun dënschdes bis sonndes tëscht dem 2. Juni 1871 an dem 15. Oktober 1871 erauskomm ass.

Editeure waren d'Bridder Jacques a Pierre Heintzé, déi virdru L'Union erausginn haten. Hiert Motto war "Freiheit-Unabhängigkeit".

Redakter war den Nicolas Thoma, deen och beim L'inflexible geschafft hat. D'Luxemburger Volkszeitung huet sech virun allem un d'Beamten an der Stad Lëtzebuerg geriicht.[1]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg. 1704 - 2004- Luxemburg, SIP, 2004, S.115.