Luxembourg Little Big Band
D'Luxembourg Little Big Band, gekierzt LLBB, ass eng lëtzebuergesch Jazz-Bigband, déi uganks 2011 gegrënnt gouf.
D'LLBB spillt engersäits Jazz-Standarde vu renomméierte Komponiste wéi ë. a. Duke Ellington, John Coltrane, Sonny Rollins oder Freddie Hubbard, anerersäits Eegekompositiounen. D'Sängerin ass d'indoneesesch Jazz-Sängerin Grace Gnad-Augustin.
D'LLBB stellt hir Programmer dacks ënnert engem Theema zesummen, wéi z. B. "Birth of the cool", "The Genius of Ray Charles", "Mandalay ou les créations musicales de Gast Gnad", "Honnert Joer Jazz", "Impressions in blue", "Latin music and more".
D'LLBB gëtt heefeg vu Solisten oder aneren Ensembele begleet, wéi dem Ensembel fir Digitalpercussioun vum Stater Conservatoire (Dir.: Emmanuel Baudry) oder den Luxembourg Jazz Voices, engem vun INECC gegrënnte Jazz-Vokalensembel (Dir.: Edith van den Heuvel).
D'LLBB leeft am Benevolat an ënnerstëtzt humanitär Projete wéi Telethon, Cent-Buttek, Rout Kräiz, Elvire-Stëftung a weider sozial Veräiner zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun.
Membere vun der LLBB (Stand 2016)
änneren- Grace Gnad-Augustin - Gesank
- Pierre Kremer - Trompett, Bügel
- Charles Sander - Trompett, Bügel
- Paul Klein - Sopran-Saxofon
- Claude Weber - Alt-Saxofon
- Paul Dahm - Tenor-Saxofon
- Eugène Bozetti - Baryton-Saxofon, Klarinett, Accordina
- Gast Gnad - Posaun
- Alain Felly - Posaun
- Vincent Felly - Piano
- Arthur Possing - Vibrafon, Piano
- Tom Reiff - Bass
- Gilles Grethen - Gittar
- Const Kiffer - Schlogezei