Lux aeterna (och Communio) ass en Deel, deen un den Agnus Dei an der liturgescher Doudemass uschléisst. Heiduerch soll fir de Verstuerwenen d'Éiwescht Liicht gefrot ginn (Latäin: lux Liicht aeternus éiweg).

"Lux aeterna" an der Musek änneren

Lux Eterna fir 16 Solostëmmen änneren

1966 huet den éisträichesche Komponist György Ligeti säi Lux aeterna publizéiert; e Stéck, dat 1968 vum Stanley Kubrick a sengem Film 2001: A Space Odyssey agebaut gouf an enger Fassong, an där de Clytus Gottwald d'Schola Cantorum Stuttgart dirigéiert.

Lux aeterna vum Clint Mansell änneren

Lux aeterna nennt sech och e Song, deen de brittesche Filmkomponist Clint Mansell zesumme mam Kronos-Quartett fir de Film Requiem for a Dream vum Darren Aronofsky arrangéiert huet. Virun allem d'melancholescht Haaptthema vum Lidd huet en héije Bekanntheetsgrad a gouf dofir a ville weidere Produktiounen agesat, sou zum Beispill beim Trailer vum The Lord of the Rings: The Two Towers oder Sunshine (Film). D'Kronos-Quartett huet déi klassesch Versioun vum Lidd an hirem Büneprogramm.