Lucas Housse
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergeschen Zivilingenieur Lucas Housse. Fir den Affekot a Politiker mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Luc Housse. |
De Lucas Housse, gebuer den 11. Dezember 1820 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 13. Dezember 1870, war e lëtzebuergeschen Zivilingenieur am Déngscht vun der Bauverwaltung.
Lucas Housse | |
---|---|
Gebuer | 11. Dezember 1820 |
Gestuerwen | 13. Dezember 1870 |
Aktivitéit | Ingenieur |
Hie war zéng Joer laang Baukondukter zu Gréiwemaacher an huet sech do ëm Pläng vun der Reguléierung vun der Sauer an der Musel bekëmmert.
Gréiwemaacher huet hien zum Éiereningenieur ernannt, a fir seng verdéngschtvoll Aarbechten, krut hie vu Preisen de Kinnekleche Krounenuerden.